Mëttelfrist: Tëscht den éischte Flacken & nach eng Kéier bal 20 Grad – Et gëtt spannend!

Wéi et schéngt baut sech am Laf vun der nächster Woch eng Loftmassegrenz op, un där fréiwanterlech Loftmasse géint iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen drécken. D’Fro déi een elo no a no muss klären ass, wéi eng Säit sech duerchgesat kritt.

Advertisement

E kuerze Bléck op déi nächst Woch

An dësem Artikel gi mir nach net grad an de vollen Détail, dat huele mir am Wochenausbléck e Méinden no. Fir elo beliichte mir déi wichtegst Eenzelheeten.

Vun der Grousswiederlag hier läit e Méinden en Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen an erstreckt sech iwwer BeNeLux an Däitschland bis eriwwer an de wäite Südoste vun Europa. An den Deeg drop gëtt et awer zimmlech séier verdrängt, well vun den Azoren aus den Déifdrockgebitt eragezu kënnt. Domat etabléiert sech bis an déi zweet Wochenhallschent eran déiwe Loftdrock iwwert dem Weste vum Kontinent, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem héije Nordoste läit. Doduerch ginn, Stand aktuell, erëm iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa transportéiert, iwwerdeems vu Nordosten hier kill a fréiwanterlech Loftmassen dogéintdrécken. D’Konsequenz ass eng Loftmassegrenz, déi sech queesch iwwer Däitschland wäert leeën.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis de Freiden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Dem europäesche Wiedermodell no soll sech dem momentane Stand no déi waarm Variant duerchgesat kréien, iwwerdeems den hierschtleche bis fréiwanterlechen Deel guer net esou wäit op de Weste kéint ausgräifen. Den amerikanesche Modell gesäit, dass d’Déifdrockgebitt net grad esou waarm Loftmasse géif op Mëtteleuropa droen. Zur selwechter Zäit wieren déi kill Loftmassen aus Nordosten och net grad esou kill wéi vum europäesche Modell berechent. D’Resultat wier zwar eng hierschtlech Variant, ouni awer grouss an de wanterleche Beräich ze rëtschen.

Och aner Optiounen an de Wiederkaarten

Esou vill iwwert de momentane Stand. An de leschten Deeg waren och Berechnungen dobäi, déi méi déi hierschtlech bis fréiwanterlech Wiederlag op eis duerkomme gesinn hunn. Als Beispill huele mir den 12Z Laf vum Freiden, 13. Oktober vum europäesche Modell. Dësem no wieren déi wanterlech Loftmassen däitlech méi wäit an de Weste virukomm, iwwerdeems déi waarm Loftmassen aus dem Südwesten drun zerschellt wieren an a Richtung ëstleche Mëttelmierraum verdrängt gi wieren.


D’Variant vum europäesche Modell vu gëschter mat de wanterleche Loftmassen op der gewonnener Säit | Animatioun: wxcharts.com

An dësem Fall wier et am Nordoste vun Däitschland fir den éischte Schnéi duergaangen, bei eis esouguer deemno wéi fir déi éischt Flacken.

Well dës Varianten och nach net esou richteg raus sinn aus dem Spill, dierften déi nächst Modellrechnungen also en Tick méi spannend ginn.