Den aktuellen Trends no kéint sech no de Chrëschtdeeg bis Silvester eng stabil Héichdrocklag astellen, duerch déi et zwar net vill géif reenen, mee de Niwwel weiderhin/erëm eng gréisser Roll spillt.
Advertisement
Aktuell Trends schwätze fir roueg Period
Wéi ëmmer bei de mëttelfristegen Artikelen sief gesot, dass et sech heibäi ëmt eng Moment-Opnam handelt. Engersäits ginn déi puer lescht Modell-Leef gekuckt, anerersäits bezitt ee sech dorop, wéi d’Laangzäitmodeller gestëmmt sinn. Et ass also just en Trend/eng Iddi. Aus momentaner Siicht gesinn schéngt et awer net esou onwarscheinlech, dass déi folgend Zeilen alles an allem änlech kéinten zoutreffen.
An de leschten Deeg hu mir ëmmer erëm ugekuckt, wéi eis Chancen fir wäiss Chrëschtdeeg dann ausgesinn. Mir hu séier gemierkt, dass trotz eigentlech gudder Grousswiederlag, d’Konditiounen ëmmer méi schlecht gi sinn. Dat läit dorun, dass déi méi Schnéi-frëndlech Period vun dëser Grousswiederlag e puer Deeg éischter wäert stattfanne wéi uersprénglech “geplangt”. Et ass also zimmlech warscheinlech, dass mir och dëst Joer keng wäiss Chrëschtdeeg ze gesi kréien. Déi lescht Kéier war iwweregëns am Joer 2010.
D’Meenung vun de momentane Kuerz- a Mëttelfristmodeller
Den amerikanesche Wiedermodell rechent schonn zanter e puer Deeg domat, dass eist Wieder no Chrëschtdag ëmmer méi vun Héichdrockwieder kéint gepräägt ginn. Den aktuelle Modell-Laf, also deen vun de Moien, esouwéi awer och alle 4 vu gëschter, weisen dat zimmlech konsistent. Soubal bestëmmt Berechnungen ufänken, eng gewëss Konsistenz ze weisen, kann een ëmmer méi vun engem Trend schwätzen – bis et ebe lues a lues sollt kippen.
Wéi gëschter betount, erwaart eis elo dëse Weekend warscheinlech eng kuerz méi ongemittlech Situatioun duerch kräftegen Déifdrockafloss, deen eis Wand, Reen an deels och Schnéi pp Lëtzebuerg bréngt. Duerno kéim da Chrëschtdag, wou et meeschtens gro an zäitweis naass wier – ouni Schnéi. Vu Chrëschtdag selwer un, Owes, soll sech dann e kräftegt Héich iwwert eisem Kontinent etabléieren, wat sech bis den 31. Dezember soll halen. Duerno kéint dann erëm eng Kalfront an d’Spill kommen.
Den europäesche Modell weist bal dat selwecht: Vu Chrëschtdag un kënnt vu Westen hier en Héichdrockgebitt eragewandert, wat sech de 26. Dezember genee iwwert eis soll leeën. Bis Silvester zitt et sech no a no méi a Richtung Alpen a Mëttelmier zréck, mee den Afloss heiheem bleift ëmmer nach. Anescht wéi de GFS et gesäit, soll et den 1. Januar erëm zu Reen a Wand duerch eng Kalfront kommen.
Trend och an de Laangfristmodeller ze gesinn
Fir dëst Beispill hunn ech mir den europäesche Laangzäitmodell erausgesicht, d’Period vum 23. bis de 29. Dezember. Ofgebillt sinn d’Nidderschlagsanomalien, déi sech vum Atlantik hier bis eriwwer op Lëtzebuerg an engem negative bis liicht negative Beräich beweegen.
Dëst Muster passt perfekt mat der Verlagerung vum virdrun ugeschwaten Héichdrockgebitt iwwerteneen: Ënnert engem Héichdrockgebitt kënnt et ebe net zu vill Reen, héchstens zu Gefisems duerch Niwwelfelder.
Alles an allem gesi mir also, dass d’Zeechen fir eng roueg Wiederlag vu no Chrëschtdag bis Silvester op alle Fall eng plausibel Optioun fir déi no Zukunft ka sinn.