Wéi gesot, taaschte mir eis lues a lues un dës interessant Wiederlag un. Et ass nach net fix, mee den Trend vun haut den Owend dirigéiert dës ëmmer méi an déi wanterlech Richtung.
Advertisement
Nach näischt festes, mee den Trend ass bis ewell bliwwen
Wichtegen Hiweis: Mir interpretéieren hei just Wiedermodeller fir Zenarien, déi 4 Deeg a nach méi wäit an der Zukunft leien. Et ass also nach keng konkret Prognos. Fir de ganze Kontext zur spannender Wiederlag ze kréien, liest gären déi vergaangen Artikelen zu dësem Sujet duerch.
An de leschten Updates hu mir eis schonn lues a lues un dës ausgesprache spannend Wiederlag erugetaascht a wäerten och weiderhin domat virufueren, an dat net ouni Grond: Och déi frësch Wiederkaarte vun den Owend weise weiderhin, dass sech d’nächst Woch eng turbulent Wiederlag iwwer Europa soll astellen. Nodeems d’Wiedermodeller GFS an ECMWF ëmmer entweder Schnéi oder mëll Temperature mat Stuermpotenzial gewisen hunn a sech domat och ni wierklech eens waren, huelen elo d’Modell-Leef zou, an deene sech déi zwee mat hire simuléierten Zenarien awer d’Hand ginn. Virun allem d’Berechnunge vum europäesche Modell hate sech bis ewell zimmlech zréckgehale, wat d’Probabilitéit vu wanterlechem Wieder ugeet – an Tëschenzäit geet en awer schlussendlech och an déi Richtung.
Amerikanesche Modell GFS
Den amerikanesche Modell GFS rechent domat, dass eis am Laf vum spéidere Sonndenomëtten/fréie Sonndenowend d’Kalfront vun engem Randdéif passéiert, hannert där däitlech méi kill Loftmassen erafléissen. Esou soll et méiglech sinn, dass et an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op e Méinden zu den éischte Schnéischauere vun der Saison kënnt, tendenziell op de Koppe vum Land. Desweidere soll en Dënschden e weidert Randdéif vun de britteschen Inselen hier eragezu kommen, wat kräfteg Nidderschléi op Lëtzebuerg brénge soll.
Duerch déi kill/polar Loftmasse ginn aktuell esouguer kräfteg Schnéifäll berechent, déi sech net onbedingt nëmmen op d’Koppe vum Land fixéiere géifen. Duerch de Mëttwoch, 20. November, verdeelt géif et ëmmer erëm zu eenzelne Schnéischauere kommen, ier eis en Donneschden op e Neits e méi kräftegt Déif mat Schnéi kéint erwaarden. Eréischt de Weekend vum 23. November soll et no a no erëm ze mëll fir wanterlech Nidderschléi ginn.
De Wand soll een och net aus den Aen loossen, well dësen en Dënschden duerch e Stuermfeld mat Spëtzte vun tëscht 75 a 90 km/h kéint blosen, deemno wéi och bis ëm 100 km/h. E weidert Stuermdéif gëtt fir en Donneschden an e Freide berechent.
Europäesche Modell
Dësem Modell no gerode mir vun der Nuecht op e Sonnden un op d’Récksäit vun engem groussen Déif, wat mat sengem Kär iwwer Skandinavien läit. Déi kill Loftmassen, déi doduerch an eis Géigende gefloss komme, kéinten héchstens op den ieweschte Koppe vum Land mol fir eenzel Flacke suergen. E Méinde selwer géife sech Sonn a Wolleken ofwiesselen, ouni dass et zu nennenswäerte Nidderschléi kënnt. Fir en Dënschde rechent de Modell vum spéidere Nomëtten un en Déifdrockgebitt, wat eis vu Paräis aus méi no kënnt. Et dréckt Nidderschléi an déi kill Loftmassen eran, déi sech dee Moment iwwert eisem Land befannen. Zumools an der Nordhallschent vum Land, tendenziell op den héchste Koppe, géif et doduerch wäiss ginn. E Mëttwoch géife mir op der Récksäit vun dësem besoten Déif leien, wouduerch et och am Rescht vum Land kal genuch kéint sinn, dass et zu eenzelne Flacke kéint kommen. Bis e Samschdemëtte soll dat nach méiglech bleiwen, ier dann erëm méi mëll Loftmassen an d’Spill kéimen.
Wat d’Stuermgefor ugeet, wier héchstens eppes fir en Dënschden oder Mëttwoch dobäi. Wéi et laut dëser Berechnung awer schéngt, soll de Kär vum Déif genee iwwert eis ewechgoen, esoudass eis d’Stuermfeld südlech “verfeelt”.
De Fazit
Den amerikanesche Modell ass, wat Schnéi a Stuerm ugeet, däitlech méi offensiv ginn. Den europäesche Modell gesäit et däitlech manner intensiv a berechent gréisstendeels just op den héchste Koppe vum Land d’Probabilitéit vum éischte Schnéi vun der Saison. Elo, wou déi zwee Modeller am wanterleche Modus sinn, ass d’Warscheinlechkeet fir esou een Zenario an d’Luucht gaangen. Mir mussen also elo kucken, ob dëst esou bleift an a wéifern sech déi zwee Modeller a Saachen Intensitéite wäerten apendelen.
Mir hunn eréischt Mëttwoch, de fir eis relevanten Zäitraum geet an der Nuecht op e Méinden un. Et kënnen also nach e puer entscheedend Parameter änneren – d’Wanterfrënn solle sech also nach net ze fréi freëen.