Mëttelfrist-Update: Ëmmer nach kee nohaltege Wanterabroch a Siicht

Fir déi nächst Woche ginn zwar wanterlech Phase berechent, deels och mat e bësse Schnéi, mee dës Entwécklunge wäerte net nohalteg sinn. Ëmmer erëm grätsche méi mëll Loftmassen dotëscht.

Advertisement

Zäit fir e weideren Update

Am Update vun en Dënschden hate mir gesinn, dass d’Modeller dohin tendéieren, dass d’Wieder ronderëmt de 6. Dezember ufänkt, méi turbulent ze ginn. Zäitweis géife sech dorauser Situatioune mat e bësse Schnéi, mee awer och méigleche stiermeschen Zenarien erginn. Mee ass dat de momentane Modeller no ëmmer nach esou?


Den amerikanesche Wiedermodell deit weiderhi variabel Loftmassen un | Animatioun: wxcharts.com

E grobe Bléck op d’Modeller verréit, dass sech net all ze vill geännert huet. Dat momentant méi déifgrënnegt Bild vum amerikanesche Modell gesäit esou aus, dass eis jo e Méinden eng Kalfront passéiert, déi eisen Héichdrockafloss verdrängt. Fir d’Nuecht op e Mëttwoch gëtt eng weider Front berechent, déi eis Nidderschléi géif bréngen. Duerch déi dann fraschteg Temperature kéim et dann och wärend e puer Stonnen zu Schnéifall, deen awer keng nohalteg Relevanz hätt. De Grond: En Donneschde gerode mir, Stand aktuell, erëm op déi viicht Flank vun engem Déif, wouduerch mëll Loftmassen an eis Géigende kéimen. Fir den Ufank vun der Woch vum 9. Dezember géif sech erëm e Schwall mat polare Loftmassen ukënnegen, duerch deen erëm e puer Flacke méiglech wieren. Nohalteg ass deen awer och erëm net, well e vu mëlle Loftmasse gekontert gëtt.


Och den europäesche Modell stëmmt de variabelen Entwécklungen zou | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit d’Front, déi den amerikanesche Modell GFS fir d’Nuecht op e Mëttwoch plangt, an der Nuecht op en Donneschden op eis duerkommen. Op d’mannst am Ufank, wou d’Front iwwert eis zitt, wiere Flacke méiglech, mee hannendru wier zimmlech séier alles Reen. En interessanten Zenario steet aus aktueller Siicht gesinn fir d’Nuecht op e Sonnden, 8. Dezember un: E Stuermdéif soll vun de britteschen Inselen hier mat sengem Kär an de Südweste vu Nordrhein-Westfalen zéien an eis esou de Risk vu stiermeschem Wand, mee awer och wanterleche Nidderschléi bréngen. Laang unhalend wier dat awer net, well mir eben an der onmëttelbarer Géigend vum Kär wieren – an dat bedeit e séiere Wiessel tëscht waarmen a kille Loftmassen, wat keng gutt Viraussetzunge fir “anstännegt” Wanterwieder sinn. E weidere potenziell kuerze wanterleche Virstouss gëtt fir de 14. Dezember gerechent.

De Fazit

D’Modeller si sech driwwer eens, dass eis an de nächste Wochen eng immens variabel Zäit usteet, an där et heiansdo e bësse wanterlech wäert/ka ginn – dat duerch e puer Schnéischaueren, Schnéireen a glat Stroossen. Zimmlech zäitno funken awer méi mëll Loftmassen dotëscht, wat bedeit, dass e nohaltege Wanterabroch weiderhin zimmlech onwarscheinlech ass. Dëse Fazit kann een alleng op Grond vun der Grousswiederlag zéien, egal ob déi eenzel Modeller innerhalb vun dëser Lag ënnerschiddlech Zenarie rechnen oder net.