
Den Trend mat de méi héijen Temperaturen an der Mëttelfrist, deen mir de Méinden an engem Artikel beschwat haten, schéngt sech ze confirméieren.
Advertisement
Modeller op e Neits mat waarmem Trend
Am leschten Artikel vum Méinden, deen sech mat der Mëttelfrist befaasst huet, hate mir eis d’Kaarten a Saachen Temperature fir déi nächst Zäit ugekuckt. Dës a lescht Woch hate sech d’Temperaturen am grousse Ganzen a Grenze gehalen, mee och elo weisen d’Modeller erëm, dass et geschwënn wuel an eng aner Richtung geet.

Den Ufank vun dësem Changement geet schonn de Weekend un, well sech eist Déif, wat eis gëschter an haut beschäftegt huet/beschäftegt, a Richtung Südostdäitschland verzitt. Hannendru profitéiert en Héichdrockgebitt am skandinavesche Raum dovun a beweegt sech a Richtung Süden – wouduerch mir heiheem och beaflosst ginn. Ergänzend, an dat hate mir am Weekendwieder-Artikel nach net beschwat, kënnt fir den Ufank vun der neier Woch e weidert Héich an d’Spill, wat sech aus Südwesteuropa an eis Géigende verlagert. Dem amerikanesche Modell no setzt dat d’Fundament fir eng Zäit, déi haaptsächlech vun héijem Loftdrock wäert gepräägt sinn. D’Meenung vum europäesche Modell ass eng änlech – mee amplaz e Mix aus Sonn a Wolleke wéi den amerikanesche Modell rechent dësen, dass eis zäitweis awer och e puer Déifdrockstéierungen a Form vu vereenzelte Schaueren an och Donnerwieder vun der Nordséi hier kéinten erwaarden.
Temperaturen am fréisummerleche Beräich
Déi zwee Globalmodeller sinn also am Generellen domat averstan, dass den Héichdrockafloss heiheem zouhëlt. Zur selwechter Zäit suergen dës och dofir, dass ëmmer erëm waarm Loftmassen, ob iwwer Ëmweeër oder direkt, op Lëtzebuerg gezu kommen. Dësen Zäitraum soll dem momentane Modellstand no e Méinde lues a lues ugoen, e Schluss ass nach net wierklech a Siicht – de Grond dofir ass deen, dass d’Grousswiederlag zwar zimmlech eenheetlech vun de Modeller berechent gëtt, mee awer net, wéi sech déi eenzel Acteuren, also Drockgebitter, innerhalb vun dëser Grousswiederlag wäerte beweegen. Dës Beweegungen entscheeden doriwwer, wéi héich d’Temperature wierklech klammen an ob tëschenduerch fläit och mol méi kräfteg Schaueren oder Dimmere kënnen optrieden.

Dem europäesche Modell no sinn e Méinde lokal schonn bis ëm 20 Grad dobäi, en Dënschden 18 bis 22 Grad. Fir e Mëttwoch wieren 21 bis 24 Grad dran an en Donneschden 22 bis 25 Grad. E Freide wier et net vill anescht, ier et fir de Weekend (also net dëse, mee de nächsten) no Schaueren an Donnerwieder zu engem Temperaturstuerz kéim. Dem amerikanesche Modell no wieren an den éischten zwee Wochendeeg knapp ënner 20 Grad ze erwaarden, e Mëttwoch wieren et 22. Vun en Donneschden u wiere mir knapp ronderëm 23 Grad ënnerwee. Net vun e Samschden u, mee vum Sonnden wier dann e Réckgang dran.
Fazit
Zwar confirméiert sech weiderhin den Trend, dass et méi waarm an eise Géigende gëtt. Duerch déi bis ewell nach onkloer exakt Positioune vun den Héich- an Déifzentren stinn déi definitiv Temperaturen a Nidderschlagsverhältnisser awer nach net grad fest.