Mëttelfrist: Waarm Loftmassen, mee och Schaueren & Dimmere méi warscheinlech

Ëmmer méi gëtt fir d’Mëttelfrist eng westlech bis südwestlech Stréimung ugedeit, duerch déi net nëmmen d’Warscheinlechkeet fir e puer Schauere klëmmt, mee och fir däitlech méi héich Temperaturen.

Advertisement

Wiermt-Virstéiss ginn ugedeit

Vergaangene Freiden hu mir déi bis ewell héchst Temperatur vun dësem Joer erreecht, un der ASTA-Statioun zu Réimech goufe 24,5°C gemooss. Sollte sech déi neitst a momentan Berechnungen duerchsetzen, da kéint dëse Wäert nach virum 20. Abrëll geknackt ginn.

Info: Dëst ass en Artikel, deen sech mat der Mëttelfrist beschäftegt. Dohier ass dëst net als typesch Prognos ze interpretéieren, mee als Analys vun de Berechnunge fir de mëttelfristegen Zäitraum. Et ass also nach näischt definitiv.


Déi momentan ugedeit Grousswiederlag fir de 16. Abrëll | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wéi schonn am Wochenausbléck ugedeit, verlagert sech eist Héichdrockgebitt bis d’nächst Woch vun de britteschen Inselen aus iwwer Mëtteleuropa bis eriwwer iwwert den Oste vum Kontinent. Generell ergëtt sech dann vun der nächster Woch un d’Bild, dass sech d’Héichdrockgebitter haaptsächlech iwwert den ëstleche Géigende vum Kontinent ophalen, inkl. awer och dem ëstleche Mëttelmierraum, iwwerdeems et um Atlantik zu enger erhéichter Déifdrockaktivitéit kënnt – well se ebe net méi vun engem Héich do blockéiert gëtt. Dës Déifdrockgebitter kriiten dann ëmmer erëm d’Geleeënheet, waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an och Portugal/Spuenien an eis Géigenden ze schëppen.

Modeller gi méi “optimistesch”

Der aktueller Moment-Opnam no weist den amerikanesche Wiedermodell GFS fir de 16/17. Abrëll en Déifdrockgebitt iwwert dem zentrale Frankräich, wat summerlech waarm Loftmassen a Richtung Lëtzebuerg mee virun allem Däitschland géif transportéieren. Tatsächlech dauchen doduerch déi éischt Wäerter vu ronderëmt 28 Grad an de Kaarten op, zumools iwwer Nordrhein-Westfalen. Den europäesche Modell gesäit dëst Muster och, allerdéngs mat manner héijen Temperaturen an och däitlech méi wäit a Richtung Ostdäitschland/Grenz zu Tschechien an Eisträich.


Optimistesch Berechnung vum amerikanesche Modell fir de 17. Abrëll mat bal 20°C op 1,5 km Héicht, wat um Buedem fir Summertemperature géif suergen | Grafik: wxcharts.com

Fir d’Zäit duerno ginn zwar och erëm Kalfrontduerchgäng/Virstéiss mat méi kille Loftmasse berechent, mee déi wiere ni fir laang. Den europäesche Modell wéilt momentan fir den 21. Abrëll net ausschléissen, dass mir op direktem Wee aus Spuenien eng Zong mat fréisummerleche Loftmassen zougespillt kréien.

Nidderschléi net ignoréieren

A leschter Zäit waren d’Nidderschléi jo just dowéinst en Thema, well se einfach guer net wierklech wëlle bei eis optrieden. Bei all dem, wat bis elo beschriwwe gouf, kënnt awer och erëm eng Nidderschlagswarscheinlechkeet an d’Spill: Westwiederlagen si nämlech typesch dofir, dass se eis zwar kënne mëll Loftmassen aus de südlechen Deeler vum Kontinent unzapen, mee gläichzäiteg kommen esou och fiicht Loftmasse vum Mier an eis Géigenden. Stand elo ass et gutt méiglech, dass sech tëschenzäitlech och e puer Schaueren oder fläit och Donnerwieder erginn.