Mëttelfrist: Wanterlech Entwécklunge si net nohalteg

Zwar erwaarden eis vun den Owend un e puer Deeg laang wanterlech Temperaturen, mee fir de Sonnde ginn schonn erëm däitlech méi waarm Loftmasse berechent. Deemno wéi kéinten dës fréijoersméissege Niveau erreechen.

Advertisement

D’Entwécklung vun der Grousswiederlag

Wéi mir an de leschten Deeg jo op e Neits gemierkt hunn, kann ee Grousswiederlagen deemno wéi zwar schonn eng méi laang Zäit am Viraus aschätzen, d’Eenzelheeten awer net. A mam erweiderte Bléck an d’Mëttelfrist gesäit ee ganz gutt, dass d’Wiedermodeller schonn fir e Sonnden erëm mat engem markanten Ustieg vun eisen Temperature rechnen. Aktuellem Stand no wiere Maximaltemperature vun tëscht 9 a 15 Grad net ausgeschloss. Sollt sech bis dohin iergendwou tatsächlech e bëssen eppes u Schnéi gewisen hunn, dann ass dëse séier erëm “Schnéi vu gëschter”.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

E Samschde beweegt sech e staarkt Stuermdéif vum Atlantik hier a Richtung brittesch Inselen. Den Aflossberäich vun dësem Déif ass esou grouss, dass mir heiheem ënnert déi waarm viicht Säit dovun (Vorderseite) geroden, déi eis ebe mëll a fiicht Loftmassen aus den Déifte vu Südwesteuropa liwwert. Richteg spierbar gëtt dat e Sonnden an och nach an der Nuecht op e Méinden, ier eis de Virstouss u waarme Loftmasse lues awer sécher a Richtung Südoste verléisst. Kuerzzäiteg kann eis dann erëm kill Loft aus dem héije Norde vun Europa erreechen – et schéngt awer allerdéngs ze vill Beweegung an der Atmosphär ze ginn. Alles an allem gesäit et an Zukunft no engem variabele Verlaf aus. E richtegen a nohaltege Wanterabroch ass net a Siicht.