
D’Wiedermodeller fänken un, erëm e puer Schaueren unzedeiten. Dat net fir haut, mee eréischt an enger Woch.
Advertisement
Déi momentan Situatioun
Zanter dem leschten Update zu dësem Thema huet sech net all ze vill gedoen: Et ass weiderhin dréche bliwwen, iwwerdeems d’Temperature bis haut op engem iwwerduerchschnëttleche Niveau ënnerwee waren.

De Grond dofir ass deen, dass mir primär ënner Héichdrockafloss leien – et ass quasi iwwert eise Géigende “blockéiert” – en typescht Mierkmol vun enger sougenannter “Omega-Wiederlag”.
Modeller gesinn e potenzielle Changement
Zanter gëschter bis virgëschter daucht an de Modeller awer elo ëmmer erëm d’Iddi op, dass déi dréche Phas fläit geschwënn op en Enn kéint goen – zwar net esou, dass mir op eemol kee statistesche Reendefizit méi hunn, mee wéinstens esou, dass et endlech mol erëm naass gëtt. Dem amerikanesche Modell no gerode mir e Samschden, 12. Abrëll ënnert den Afloss vun engem Déif, wat sech vu Spuenien a Portugal an eis Géigenden eropschafft. Am Virfeld vun enger Kalfront kéinte sech d’Loftmassen destabiliséieren, duerch déi et dann zu Schaueren an eventuell och eenzelnen Dimmere kéint kommen. Dëse Modell gesäit fir e Sonnden an e Méinden (13.04/14.04) déi bescht Chancen.

Den europäesche Modell weist momentan änlech Iddien, wat jo dann op d’mannst mol op en Trend hindeit: E berechent och, dass eis e Samschdemëtte mol fir d’éischt nach waarm Loftmassen zougespillt ginn. An der Nuecht op e Sonnden/um fréie Sonndemoie kéimen dann déi éischt Nidderschléi aus Frankräich eragezunn, aus deenen e Sonnde selwer och eenzel Donnerwieder kéinte ginn. E méi däitlecht Muster gëtt fir e Méinden, 14. Abrëll gewisen: Eng Villzuel u Schaueren an eenzelnen Dimmere wiere net onméiglech.

Fir d’Zäit drop sinn déi zwee Modeller méi variabel/onbestänneg gestëmmt, wat awer net heescht, dass et elo erëm wochelaang biergof geet: Weiderhi soll den Héichdrockafloss probéieren, zréck un de laangen Hiewel ze kommen.
Fazit
D’Chancen, dass et endlech mol erëm reent (a fläit och mol méi relevant Zommen) sinn de Moment erhéicht. Elo bleift just nach ze hoffen an ofzewaarden, ob dës Berechnungen an de nächsten Deeg net einfach lues a lues verschwannen.