Mëttelfrist: Wéi gesäit et mam Schnéi aus a wat misst sech dofir änneren?

Den éischten, iwwer Wochen ugekënnegte wanterleche Bonjour hu mir hannert eis. Mee wéi gesäit et bis an den Dezember eran aus? A wat misst sech änneren, fir dass et wanterlech gëtt?

Advertisement

De gewinnte Prinzip: D’Eruntaaschten duerch Moment-Opnamen

Wéi och schonn bei der Thematik vum éischte Schnéi vun der Saison entsprécht dësen Artikel just enger Moment-Opnam, entholl aus den aktuelle Modellrechnunge fir e bestëmmten Zäitraum. Falls sech an de nächsten Deeg fir e bestëmmten Zenario méi Kloerheet erausstellt, kéint een och erëm op reegelméisseg Updates dozou iwwersrpangen. Fir de Moment si mir awer mol fir d’éischt op der einfacher Sich no engem erëm potenziell wanterlechen Zenario.

Amerikanesche Modell GFS

Wéi mir et jo elo wëssen, erwaart eis bis e Méinden eng méi roueg Phas duerch héije Loftdrock. Vum Méinden un gesäit dëse Modell awer, op onbestëmmten Zäit, erëm eng stramm westlech bis deels och nordwestlech Stréimung, déi eis een Déif nom anere géif bréngen. Wat opfälleg ass: Zu dëser Zäit gëtt och den Jetstream iwwert eise Käpp méi aktiv a leet sech genee iwwert eis, wat erëm an däitlech méi turbulenten Zenarie ka resultéieren – änlech, wéi mir et virun annerhallwer Woch gesinn haten.


Den aktuell berechenten Jetstream fir ronderëmt de 6. Dezember | Grafik: wxcharts.com

D’Déifdrockgebitter wäerte sech un dësem Jetstream orientéieren. Gräift de Wandstroum méi wäit südlech aus, da kënne verschidden Déifer och méi wäit südlech zéien an eis domat däitlech méi kal Loftmassen op Lëtzebuerg bréngen. Wéini an ob dat wäert geschéien, ass net gewosst – mee et ass Theorie.


Däitlech gëtt den turbulenten an dynamesche Modus, deen just kuerzzäiteg méi wanterlech Loftmasse géif zouloossen | Animatioun: wxcharts.com

D’Warscheinlechkeet fir esou een méi wanterlechen Zenario géif awer, Stand aktuell, vum 6. Dezember un an d’Luucht goen. Kéim et esou, da wier d’Grousswiederlag awer bei wäitem ze variabel, fir dass sech de Wanter nohalteg kéint bei eis duerchsetzen. Et wier einfach ze vill Beweegung an der Atmosphär.

Europäesche Modell ECMWF

Den europäesche Modell ass de Moment nach e gutt Stéck méi roueg ënnerwee. Vum Méinden un, méi awer e Méinde selwer, kann déiwe Loftdrock mat e bësse Reen dotëschtfunken – fir de Rescht vun der Woch sollte mir awer gréisstendeels ënner héijem Loftdrock verweilen. A Richtung 10. Dezember gëtt awer eppes klenges ugedeit: Duerch en Azorenhéich an déiwe Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum esouwéi och der Ostséi kéint d’Bunn fräi gemaach ginn, fir dass sech aus Nordwesten fiicht a wanterlech Loftmassen an eis Géigende beweegen. Dëst awer, wéi gesot, mat däitlech manner grousser Beweegung an Turbulenz wéi an der Léisung, déi eis den amerikanesche Modell de Moment opdëscht.


Den europäesche Modell rechent en däitlech méi rouegen Zenario, deen fréier oder spéider och am méi wanterleche Beräich géif ukommen | Animatioun: wxcharts.com

Doduerch, dass dëse Modell awer dozou tendéiert, a Richtung Mëtt Dezember den Atlantik mat héijem Loftdrock ze “blockéieren”, iwwerdeems Déifdrockgebitter aus Nordost- an Osteuropa op eis kënnen iwwergräifen, wieren dat schonn liicht besser Chancen op méi laang unhalend wanterlech Konditiounen.

An dat bedeit elo wat?

Den amerikanesche Wiedermodell gesäit virun allem vum 6. Dezember un eng turbulent a potenziell wanterlech Situatioun op eis duerkommen, déi duerch hire variabele Charakter awer keng dauerhaft wanterlech Situatioun géif zouloossen. Et wier dann héchstens erëm méi eppes wéi e Bonjour, inkl. mat strammem Wand, amplaz vun engem nohaltege Wanterabroch.

Den europäesche Modell wëll vun engem turbulenten Zenario aktuell iwwerhaapt näischt wëssen a gesäit, “an aller Rou”, dass den Atlantik sech soll stabiliséieren, iwwerdeems sech kuerz virun der zweeter Dezemberhallschent lues a lues méi kill Loftmassen aus Nordost- an Osteuropa kéint bei eis breetmaachen. D’Chancen op méi nohaltegt Wanterwieder wier ënnert dësem Zenario méi grouss, iwwerdeems onangeneem Zenarien duerch potenziell Stierm méi onwarscheinlech wieren.

Wat se awer gemeinsam hunn: Iergendwou tëscht dem 6. Dezember an der Mëtt vum Mount soll sech eppes doen – an dat tendenziell an eng méi kill Richtung wéi aktuell.