Mëttelfrist: Wéi stinn d’Chancen op en éischte markanten Temperaturréckgang?

Dës Woch bleift et zimmlech roueg, d'Temperature beweege sech dagsiwwer esouguer an engem liicht ze waarme Beräich. An dësem Artikel kucke mir eis zesummen un, wéi et an der Zäit drop virugoe kann an ob et fläit esouguer Unzeechen fir en éischte méi markante Virstouss vu kale Loftmasse gëtt.

De Rescht vun der momentaner Woch

Wat de Rescht vun dëser Woch betrëfft, geet et weiderhin zimmlech reen-aarm virun. Bis de Sonnden inclus rechent den europäesche Wiedermodell ECMWF mat grad emol 0 bis fläit mol 1 l/m² Reen, deen vun uewen erofkomme kann. Minimal Warscheinlechkeeten fir liichte Nidderschlag ginn et um spéide Mëttwochowend resp. an der Nuecht op den Donneschden, well eng Kalfront duerchzitt. De nächsten Termin wier viraussiichtlech de Samsden. Ofgesinn vun dësen Zäitpunkten ass mat engem wiessel aus Sonn a Wolleken ze rechnen, d’Temperature beweege sech 15 a 19 Grad. Ausnam ass de Mëttwoch, also den Dag vun haut: 19 bis 23 Grad sinn ze erwaarden.

De weideren Ausbléck – d’Mëttelfrist

Ënnert der Mëttelfrist versteet een an der Meteorologie en Zäitraum, deen bis ongeféier zwou Wochen an d’Zukunft geet. Op Basis vun de Wiedermodeller GFS an ECMWF kucke mir eis elo un, wéi et dann vun der nächster Woch un bei eis virugoe kann.

Huele mir den amerikanesche Wiedermodell GFS, da gesäit et vum kommende Méinden un esou aus, wéi wann den Déifdrockafloss iwwert eise Käpp liicht zouhuele géif. Et wier e bësse méi wollekeg an d’Warscheinlechkeet vun enger vereenzelter Schauer wier och net null. Och den europäeschen ECMWF gesäit d’Méiglechkeet op e bësse méi Wolleke wéi de Moment, ass awer a Saache Nidderschléi e Stéck méi zréckhalend. Trotz dëser klenger Differenz kann een awer, Stand aktuell, schlussfolgeren, dass et wuel bis de Mëttwoch zu kenge nennenswäerte Nidderschlagsquantitéite komme wäert.


GFS & ECMWF gesinn d’Méiglechkeet op e weidere mëlle Wochestart | Grafik: wxcharts.com

Wat d’Temperature betrëfft, gesäit den amerikanesche Modell GFS bis de Mëttwoch 12. Oktober weiderhi kee gréissere Réckgang vun den Temperaturen am Dag. Tëscht 14 a 19 Grad ginn ugepeilt. Den europäesche Modell gesäit virun allem fir de Méinden esouguer kuerz d’Warscheinlechkeet fir Maximaltemperature vun ëm 20 Grad, ier et dann bis de Mëttwoch inclus no a no zréckgoe soll. Och wat dës Punkten ugeet, kann een trotz klengen Differenzen elo net vun engem vollkommen aneren Zenario schwätzen.

Den ongeféieren Trend fir bis haut an enger Woch steet also.

Déi Zäit dono: De GFS bastelt un enger Iddi

Iergendwann kënnt den Zäitpunkt, un dem den europäesche Modell u seng Grenze kënnt. Anescht wéi de GFS, rechent dëse nämlech just bis 240 Stonnen an d’Zukunft. Den amerikanesche GFS rechent 384 Stonne wäit, ass awer dowéinst ëmsou méi mat Virsiicht ze genéissen – wat iwweregens elo och fir dësen Abschnitt hei gëlt.

Den europäeschen ECMWF rechent nach bis Freides, de 14. Oktober. Dobäi deit dësen e Stuermdéif/Orkandéif knapp westlech vun de britteschen Inselen un. Den amerikanesche Modell GFS ass esouguer der selwechter Meenung an huet d’Stuermdéif schonn matten iwwert de britteschen Inselen leien. Zanter e puer Deeg gëtt dëst Stuermdéif vum GFS berechent – et ass also bei all neier Modell-Aktualiséierung an de Kaarten ze fannen, just ëmmer erëm e bëssen anescht verdeelt. Mam Gewëssen, dass mir elo beim iwwernächste Freiden ukomm sinn: d’Warscheinlechkeet, dass dann e Stuermdéif an der Géigend vun de britteschen Insele läit, ass definitiv net null.


Eng interessant Iddi vum amerikanesche GFS | Grafik: wxcharts.com Edit: Météo Boulaide

Elo kënnt d’Spekulatioun an d’Spill: Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent domat, dass dëst Stuermdéif iwwert de Weekend op d’Nordséi zéie wäert. Natierlech géif et doduech e Strapp méi lefteg ginn, mee och a Saachen Temperature kéint sech doduerch sou munches änneren. Nämlech kann dat Déif am genannte Fall polar Loftmassen ofzapen an an eis Richtungen transportéieren. Et besteet also eng minimal Warscheinlechkeet dovun, dass eis an der fréier zweeter Hallschent vum Oktober e ganz kuerzen mee den éischten bësse méi nennenswäerte Virstouss vu kale Loftmassen usteet.