E stabilt Héich iwwer Europa suergt an de nächsten Deeg dofir, dass et erëm méi waarm gëtt. Fir de Weekend an Ufanks der neier Woch kéinten op e Neits 25 Grad gemooss ginn, wat vill ze waarm fir d’Joreszäit ass.
Schonn gëschter immens waarm
Gëschter um Méinden war et fir d’Joreszäit vill ze waarm. Duerch d’Land verdeelt louchen d’Maximaltemperaturen tëscht 23 a 26 Grad, zu Stengefort war et mat 26,5 Grad am wäermsten. Dëst alles si Wäerter, déi fir en Oktober ontypesch sinn. Sécherlech sinn un e puer Statiounen am Land nei Oktober-Rekorder gefall, dëst ass awer leider net esou transparent novollzéibar wéi an eise Nopëschlänner. Un der Statioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel, déi international fir dat lëtzebuergescht Klima als Referenz geholl gëtt, huet hiren Oktober-Rekord gëschter op alle Fall net erreecht. Gemooss goufen 23,9 Grad, de Rekord läit awer bei genee 26 Grad – gemooss den 2. Oktober 2011.
Et geet vill ze waarm virun
D’Duerchschnëttstemperatur an engem Oktober läit zu Lëtzebuerg bei 9,9 Grad. Duerch déi momentan Modellrechnunge kann ee sech zimmlech sécher sinn, dass mir an de nächsten Deeg weiderhin iwwert dësem Wäert wäerten ënnerwee sinn. Op d’mannst e neie Rekord fir déi éischt Dekad vum Oktober schéngt doduerch méiglech.
En Héichdrockgebitt mécht sech iwwert dem Gros vun Europa breet, iwwerdeems zur selwechter Zäit gréisser an intensiv Déifdrockgebitter dobaussen um Atlantik aktiv sinn. Duerch hir Stréimung géint d’Auer an der Stréimung mat der Auer vum Héichdrockgebitt etabléiert sech op e Neits eng Wiermt-Schëpp, déi eis aus dem déiwe Südweste vun Europa weiderhin vill ze waarm Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert.
Bis e Freide soll de wäermsten Deel mol déi brittesch Inselen erreechen – duerno drift den Zentrum vun eisem Héichdrockgebitt a Richtung Osten, wouduerch dës Loftmassen dann och Lëtzebuerg wäerten erreechen.
Waarm gëtt et op alle Fall, mee wéi genee muss nach gekläert ginn
Fest steet, dass eis e weidere Waarmloft-Virstouss usteet. Dem neiste Stand no rechent den europäesche Modell awer mat méi héijen Temperature wéi den amerikaneschen. Geet et der Simulatioun vum däitschen ICON-EU no, kéint et awer tatsächlech erëm den europäesche Modell sinn, deen sech duerchsetzt.
Bleiwen d’Donnéeë wéi elo, dann erwaarden eis vum Freiden un erëm tëscht 16 an 18 Grad, e Samsden 20 bis 23 Grad an e Sonnden tëscht 22 a 24 Grad – eventuell kéinten esouguer 25 Grad erreecht ginn. Dobäi sief drun ze denken, dass mir eis dann schonn e Stéck am Oktober dran befannen. Dëst sinn Temperaturen, déi esou spéit am Oktober alles anescht wéi normal sinn. Nei Rekorder si méiglech, dorënner fläit esouguer, wéi gesot, en Dekadenrekord.