Mëttelfrist: Wéini gëtt et erëm méi waarm zu Lëtzebuerg?

Typescht Abrëllswieder huet eis de Moment am Grëff. Mee wéi laang ass dat nach esou? Mir woen e Bléck an déi méi wäit Zukunft.

Advertisement

Mir brauche nach e bësse Gedold

De Moment hu mir et mat enger zimmlech killer Phas ze dinn. A leschter Zäit hu mir meeschtens vun iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen héieren, mee dës Kéier si mir tatsächlech an engem ënnerduerchschnëttleche Beräich ënnerwee. D’Modeller berechne fir de Freiden an e Samsden eng Anomalie vu ëm -3°C, fir e Sonnde ginn fir Deeler vum Nordoste vu Frankräich esouwéi och Weste vun Däitschland bis zu -8°C berechent – wéi gesot Anomalie, net tatsächlech Temperatur.


D’Temperaturanomalie fir beispillsweis e Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Dës an änlech Anomalien gi nach iwwert de Groussdeel vun der nächster Woch erwaart, ier mir Ufanks Mee erëm an e normale bis hin zu liicht iwwerduerchschnëttleche Beräich kéinte geroden. Dëst mol dem amerikaneschen an europäesche Kuerz- a Mëttelfristmodell no.

Wat soen d’Laangzäitmodeller?

Fir eis eng weider, net onbedeitend Meenung ze beschafen, kucke mir eis och nach den europäesche Laangzäitmodell un. Dëse gesäit fir déi momentan Woch, déi amgaangen ass, eng Temperaturanomalie vu -3°C. Fir déi nächst Woch ännere sech d’Kaarte net vill, et bleift bei ongeféier dem selwechte Wäert.


D’Temperaturanomalie fir déi nächst Woch | Grafik: Copernicus

Eng lues Normaliséierung gëtt fir d’Woch vum 29. Abrëll gerechent, dat mat just nach -0,5°C ënnert der Moyenne. Dësem Modell no sollte mir et vun der Woch vum 5. Mee un erëm an d’Normalitéit packen.

Iwwerduerchschnëttlech éischt Hallschent kompenséiert?

Déi éischt zwou Woche vum Abrëll war et vill ze waarm fir d’Joreszäit – an de noe Nopeschlänner si nei Rekorder a Saache fréist Summertemperaturen/Héichsummertemperaturen zanter Opzeechnungsufank gefall. Sollt sech d’Keelt awer elo esou fortsetzen, wéi d’Modeller et eendeiteg gesinn, da kann et tatsächlech sinn, dass de Mount als ganzt Stéck méi oder manner neutral kéint ausfalen.

Fazit

Mir hu jo elo gesinn, dass et a Richtung Mee tendenziell méi waarm soll ginn. Gleeft een de momentane Modellrechnunge vum amerikanesche GFS, da sollten d’Chance vu weideren Abréch vu kille Loftmassen och an der Zäit drop net méi all ze héich sinn. Jo, de Summer ass dann zwar Joreszäiten-technesch net méi wäit, mee am Endeffekt kënnt et ëmmer op de Sonnestand & d’Konstellatioune vun den Drockgebitter un. Domat gesot musse mir eis wuel einfach just nach e bësse gedëllegen, am beschte Fall bis +/- Ufank Mee.