Mëttelfrist: Wéini kraacht et?

Et gëtt erëm Zäit an d’Mëttelfrist ze kucken! De neiste Modellrechnunge no kéint sech d’nächst Woch eng immens schmeier Wiederlag mat gréisserem Donnerwiederrisk astellen.

Advertisement

Modeller GFS & ECMWF sprangen op schmeierwaarm Léisungen

Déi nächst Zeile si keng Prognos, mee eng allgemeng Interpretatioun vun de momentane Berechnunge vun de Modeller GFS an ECMWF. Fir ze verstoen, wat sech an der nächster Woch kéint doen, kucke mir eis nach eng Kéier ganz kuerz den elo momentanen Zoustand vun eiser Grousswiederlag un.

An dëser Woch mécht sech héije Loftdrock iwwert der Westhallschent vum Kontinent breet, iwwerdeems iwwert dem Nordosten déiwe Loftdrock ze fannen ass. Doduerch bleift et an dëser Woch an eise Géigenden zimmlech dréchen an de Summer bleift och bei eis.


Déi méiglech Ëmstellung an der nächter Woch laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

An Tëschenzäit gesinn d’Modeller GFS an ECMWF eng potenziell Ännerung an der neier Woch op eis duerkommen. Den héije Loftdrock iwwert dem Weste vun Europa soll nämlech vun engem Déifdrockgebitt ënnerbrach ginn, wat vum Atlantik hier eragegrätscht kënnt. iwwerdeems dat geschitt, géif en Tëschenhéich iwwert den Alpen dobäi hëllefen, eng grouss Schëpp un Hëtzt mee virun allem fiichte Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa ze lenken. Wat dobäi erauskéim wier eng explosiv Mëschung aus hëtzegen an immens fiichte Loftmassen, déi sech vum mëttlere Frankräich aus a Richtung BeNeLux géif ausbreeden. D’Onwiedergefor géif also dëse Berechnunge no an d’Luucht goen.

Natierlech ass et awer aus momentaner Siicht gesinn nach vill ze fréi, fir Alarm ze schloen. Et ass eng Momentopnam an et däerf ee gespaant sinn, ob d’Modeller bei dëser Iddi bleiwen. All ze verwerflech ass et net, well den europäeschen esouwéi och den amerikanesche Modell d’Situatioun de Moment ganz änlech berechnen. Anerersäits muss ee bal hoffen, dass et esou kënnt, well dat fir déi nächst Zäit eis eenzeg Chance op e bësse Reen ass.