Mëttelmierraum: Dat nächst Onwieder-Déif mat zolittem Reen a Stuerm steet un

No de schwéieren Onwieder vun der leschter Woch iwwer Italien & dem Balkan steet elo dat nächst Déifdrockgebitt prett. Esouguer Tornadoe si méiglech.

Déifdrockgebitt suergt fir schwéier Onwieder

Änlech wéi déi lescht Kéier zitt och an de nächsten Deeg erëm e markant Déifdrockgebitt iwwer d’Mëttelmier ewech, duerch dat sech ëmmer erëm staark Reefäll an Donnerwieder forméiere kënnen. Zolitt Reequantitéiten, Stuerm an och en Tornado-Risk stinn um Programm. Et gëtt en onrouege Weekend.

Italien

Schonn haut am spéidere Nomëtte kann et op Sardinien/rondrëm d’Corse an iwwer Mëttelitalien am Groussraum Roum zu éischte méi kräftegen Donnerwieder mat Staarkreen kommen. An der Nuecht op de Samsde verstäerkt sech awer déi ganz Aktivitéit a breet sech weider a Richtung Norditalien aus. Am Alperaum ass mat staarkem Schnéifall ze rechnen.


D’Verdeelung vun de Reequantitéite bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Den eigentlechen Onwiederdag gëtt muer de Samsden. Vu Catania iwwer Neapel iwwer Roum bis ganz an de Nordweste maache sech markant Donnerwieder breet, déi vun zolittem Staarkreen a Stuerm begleet ginn. Bis de Sonndemëtte rechent den europäesche Wiedermodell ECMWF mat Reequantitéite vun tëscht 50 a lokal 100 l/m², punktuell kann et och a Richtung 150 l/m² goen. Primär sinn awer keng Landfläche betraff, dat meescht spillt sech an direkter Noperschaft vum Mier, also a Küstegéigenden, of. Vum Wand hier kann et an Donnerwiedergéigend op tëscht 70 an 100 km/h eropgoen.

Besonnesch iwwer Sizilie kënnegt sech duerch eng gënschteg Wandscherung & Instabilitéit e gewësse Risk vun Tornadoen un.

De Balkan

Vum Süde vun Albanien iwwert de Weste vu Montenegro, Bosnien a Kroatien, deemno wéi och nach de Südweste vu Slowenien, ass wärend dem Sonnden mat zolittem Reen an och Donnerwieder ze rechnen. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent punktuell och erëm mat iwwer 100 l/m² a Stuermstéiss vu 70 bis 90 km/h laanscht d’Küsten.