Mëttelmierraum: Déifdrockgebitter suergen (erëm) fir massive Reen

An de leschten Deeg koum et scho lokal zu zolittem Reen, mee et wäert deemnächst nach méi oft a méi verbreet virkommen. Besonnesch italienesch a franséisch Landstrécher si betraff.

Advertisement

Kill Loftmasse ginn iwwer relativ mëllt Mëttelmier gedréckt

D’Situatioun, déi mir momentan gesinn an deemnächst weiderhin och wäerten, kenne mir aus de leschte Méint: Relativ zoueneen suergt en Déifdrockgebitt dofir, dass et tëscht der Héicht an dem Buedem zu groussen Temperaturënnerscheeder kënnt. Déi doraus entstoend Instabilitéit féiert dozou, dass sech d’Nidderschléi, déi duerch d’Déif generéiert ginn, iwwert dem Mier weider verstäerken – an esou fir Iwwerschwemmunge kënne suergen. Fir verschidde Géigenden ass bis an déi nächst Woch era mat dräistellege Nidderschlagszommen ze rechnen.

Wéi eng Géigende betraff sinn

Haaptsächlech betrëfft et déi italienesch an deels och franséisch Landstrécher, dozou zielen: D’Corse, den Oste vu Sardinien, de Südoste vu Sizilien a gréisser Deeler vu Kalabrien. Dovun ofgesi weist sech e weideren Hotspot laanscht d’Mëttelmierküst vun Algerien.


Déi berechent Reenzomme bis de Méinden laut ARPEGE-Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

An de genannte Gebitter solle sech déi gréisst Reenzomme bei tëscht 100 an 250 l/m² ophalen – eenzel Modeller wëllen esouguer tëscht 250 a 400 l/m² net ausschléissen. Potenziell Kandidaten fir déi immens grouss Zomme si Géigenden, wou de Reen aus ëstleche Richtungen widdert Hiwwelen a Bierger drécken. Do kënne se sech stauen, wat eben fir déi grouss Zomme ka suergen. Den Oste vu Sardinien bitt sech dofir un, mee awer och op den anere Plaze kann dëse Stau-Effekt optrieden.

Ofgesi vum Reen ass mat Stuermstéiss an deemno wéi och Orkanstéiss ze rechne, besonnesch op den Hiwwelen.