D’Wiedermodeller deiten un, dass sech a nächster Zäit erëm Déifdrockgebitter mat gréisserem Iwwerschwemmungsrisk iwwert d’Mëttelmier ewechbeweegen. Momentan betraff si Géigende vu Griicheland & der Tierkei.
Advertisement
Aktuelle Fokus op Griicheland & der Tierkei
De Moment läit schonn eent vun dësen Déifdrockgebitter iwwert dem ëstleche Mëttelmierraum, wouduerch et zumools iwwer Deeler vu Griicheland an och der Tierkei zu grousse Nidderschlagszomme kënnt. An den ëmleiende Bierger kënnt och e gudden Deel als Schnéi erof.
Wéi et virun e puer Wochen am Massif Central a Frankräich de Fall war, dréckt d’Déifdrockgebitt de Nidderschlag widdert d’Bierger. Doduerch rechnen d’Modeller bis e Méinden inclus an der Géigend vu Larisa, Pefkochori, Sykia an och dem Bierg Athos tëscht 100 an 250 l/m² Reen – eenzelner wëllen och ëm 300 l/m² net ausschléissen. Fléissen dës Waassermasse vun der Bierger an d’Däller, kann et zu gréisseren Iwwerschwemmunge kommen.
Mëttelfrist: Weider Déifdrockgebitter iwwert dem Mëttelmier
Aktuell Modeller rechnen domat, dass schonn ronderëmt den Dënschde weider Déifdrockgebitter vu Frankräich hier op d’Mëttelmier erauszéie kënnen. Dëse Prozess kéint sech dann e Sonnden an enger Woch widderhuelen – a sollten d’Déifer sech iwwerdeems verstäerken, da wieren och iwwert de méi westlech geleeëne Géigende vum Mëttelmier erëm grouss Reenzommen denkbar.
Wou genee a wéi vill dat wäert/ka sinn, ass elo nach net ofzegesinn, mee d’Muster vun der Grousswiederlag géif dës Gefor definitiv hierginn, sollt se sech dann tatsächlech esou organiséieren. Mir halen dat genee am Aen.