Mëttelmierraum: Onroueg duerch Stierm & zolitte Reen

Wéi mir et schonn am Hierscht ëmmer erëm de Fall haten, entwéckle sech ëmmer nach ëmmer erëm Déifdrockgebitter déi dem Mëttelmierraum zolitte Reen a Stierm bréngen. Ënner villen anere Géigenden trëfft et demnächst och Mallorca.

Advertisement

Zanter Méint schonn Onrouen am Mëttelmier

An de leschte Méint gouf et just heiansdo mol kuerz Phasen, wou et iwwert dem Mëttelmierraum méi roueg zougaangen ass. Dotëscht hu sech awer ëmmer erëm Wiederlagen zesummegestallt, déi onwiederaartege Reen & Stuerm generéiert hunn. Deelweis ass dëse Phänomen ëmmer nach op de leschte Summer zréckzeféieren: D’Waasser huet sech staark erhëtzt an duerch déi kill Loftmassen déi am Hierscht vun Déifdrockgebitter an de Mëttelmierraum transportéiert goufen hu sech ëmmer erëm Stierm an zolitt Reegebitter forméiert. D’Lag an de nächsten Deeg kéint ëmmer nach en Zesummenhang mat dëse Viraussetzungen hunn.

Haut um Sonnde si besonnesch iwwert dem Balkan staark Nidderschléi a Form vu Schnéifall ze erwaarden, d’selwecht och op den Héichte vum Nordweste vun Italien. Dat Ganzt ass och schonn mat engem kräftege Wand verbonnen, deen an de Spëtzte Wäerter vun tëscht 70 an 110 km/h erreeche kann.

Entwécklung vun engem Stuermdéif

Tëscht Sardinien a Palma forméiert sech vun den Owend un e Stuermdéif, wat op mannst nach bis de Mëttwoch gréisser Deeler vum westleche Mëttelmierraum beaflosse wäert. Deeler vu Mallora, dorënner och Palma, kréien et spéitstens den Dënschdemëtten mat kräftegem Stuerm ze dinn. An de Spëtzte sinnn erëm Wäerter bis 110 km/h méiglech, je no Modell esouguer driwwer.


D’Positioun & Intensitéit vum Stuermdéif am Dënschdevirmëtten | Grafik: wxcharts.com

Bis e Mëttwoch verlagert sech dëst Déif weider a Richtung Osten a verléiert dobäi e bësse seng Form & Intensitéit, wäert awer trotzdem weiderhin aktiv bleiwen. De Gros vun Italien kritt bis dohi méissege bis deels méi kräftege Reen zougespillt.


D’Reequantitéite bis de nächste Weekend | Grafik: wxcharts.com

Wat d’Reequantitéite betrëfft ass d’Situatioun e bëssen oniwwersiichtlech. Et kristalliséiert sech awer eraus, dass Géigende wéi Mallorca, d’Corse, Deeler vum Norden & Zentrum vun Italien an de Balkan mat gréisseren zommen ze di kritt. Déi héchst Berechnunge grenze sech tëscht 80 an 150 l/m² an, punktuell kann och eppes méi net ausgeschloss ginn.

Am grousse Ganze soll sech d’Situatioun am Mëttelmierraum bis de nächste Weekend lues a lues berouegen.