Et besti weiderhi grouss Ënnerscheeder tëscht der Loftmassentemperatur an der Waasseruewerflächentemperatur. A nächster Zäit ass also ëmmer erëm mat kräftege Nidderschléi ze rechnen, déi bis an den Onwiederberäich kënne goen.
Advertisement
Grouss Géigesätz mat der Héicht
Am westleche Mëttelmierraum huet d’Waasser de Moment nach meeschtens 20 bis 22°C, iwwerdeems d’Loftmassen an 1,5 Kilometer Héicht just nach 5 bis 10°C waarm sinn. An de nächsten Deeg ass domat ze rechnen, dass dës Loftmassentemperature weider wäerten zréckgoen.
Dës Ënnerscheeder suergen fir eng sougenannt “Instabilitéit”, duerch déi sech ëmmer erëm kräfteg Nidderschléi kënne forméieren. De Modeller no soll zwar dat meescht u Reen gréisstendeels iwwert dem Waasser selwer erofkommen, mee fir eenzel Küstegéigende besteet weiderhin d’Warscheinlechkeet vun op d’mannst lokalen Iwwerschwemmungen.
Déi viraussiichtlech Zommen
Wa mir vun elo bis e Méinden inclus kucken, da ginn déi gréisst Reenzommen fir d’Mier tëscht de Balearen, der Corse a Sardinien berechent. Och ëstlech dovun, am tyrrhenesche Mier bis erof laanscht Malta soll et bis de Schluss vum genannten Zäitraum vill reenen – simuléiert ginn tëscht 50 an 200 l/m² an de Spëtzten. A wéifern déi jeweileg Küsteregiounen eppes vun dëse groussen Zommen ofkréien, déi jo gréisstendeels iwwert dem Waasser selwer erofkommen, muss ofgewaart ginn.
Je no Entwécklung vun der allgemenger Grousswiederlag kann et vum Dënschden un un den italeneschen Alpen och zu grousse Reenzomme kommen. Dëst bleift awer nach ofzewaarden, well et gréisser Onsécherheete ginn.