Mëttwoch: Ongemitterlech duerch Schauer- an Donnerwiedersystem

Déi waarem Phase aus de leschten Deeg huet et de Sonnden, dem 21. Abrëll 2019, op e Maximum vu 27,9 Grad bruecht. D’Temperature ginn elo awer rem e gutt Stéck zréck, begleet vu Schaueren an Donnerwiederen.

Donnerwiedersystem entwéckelt sech iwwer Nordoste vu Frankräich

Um Mëttwoch, 24. Abrëll 2019, wärt déi éicht méi markant Donnerwiederlag vun der Saison ustoen. Entlaang vun engem Déif iwwert dem Südweste vun Däitschland, wat un en anert Déif iwwert der Nordséi gekoppelt ass, wärt sech de Mëttwochmëtten- a Nomëtten e System bestoend aus Schaueren an Donnerwiederen am Nordoste vu Frankräich forméieren. Dëse System zitt am weidere Verlaf vum Nomëtten a spéidere Nomëtten an de Westen souwéi och de Südweste vun Däitschland eran a ka virun allem do och eng Donnerwiederlinn entstoe lossen. Knëppelsteng, staarke bis stiermësche Wand an zolitte Reen ginn en Thema. Duerch déi gënschteg Wandscherung (Wandrichtungs- a Geschwindëgkeetsännerung an der Héicht) ass och mol eng méi organiséiert Struktur, wéi beispillsweis eng Superzell, méiglech.

Lëtzebuerg wärt den aktuelle Modellrechnunge no gréisstendeels um Rand matspillen a soumadden vum allermeeschte just gesträift ginn. Dëst heecht awer net, dass bei eis keng Wiederen eroofkomme kënnen. Och bei eis besteet d’Wahrscheinlechkeet vun deels méi zolitte Schaueren, Wandstéiss an am Fall vun engem Donnerwieder och mol Knëppelsteng.

Och ouni Schaueren & Wiederen lëfteg bis stiermesch

Och ier sech de System an de Westen an och Südweste vun Däitschland erabeweegt, gëtt et bei eis nawell zimmlech lëfteg. Ab dem spéide Virmëtten areecht eis e Wandfeld, duerch dat et bis an de Nomëtten eran zu staarke Wandstéiss an demno wéi och zu stiermesche Wandstéiss komme kann. D’Spëtzte sollte sech, ganz ouni Afloss vu Wiederen, tëschen héchstens 50 a 75 km/h ophalen.