Mëttwoch: Risk vun eenzelne Superzellen & Tornadoen iwwer Westdäitschland & BeNeLux

Muer erwaart eis net nëmmen e stramme Wand, mee och de Risk vu LOKAL méi zolitten Donnerwieder geet an d’Luucht. Iwwer gréisser Deeler vu BeNeLux & Nordwestdäitschland zitt sech och e Risk vu Superzellen an eenzelnen Tornadoen.

Advertisement

Op d’Iwwerlappung kënnt et un

W.e.g fixéiert Iech an dësem Artikel net explizit op Lëtzebuerg, mee op e gréissere Beräich deen sech vum äusserste nërdleche Frankräich iwwer Deeler vu BeNeLux, de Westen bis ganz an de Nordweste vun Däitschland zitt. Mir schwätzen hei net vun enger Garantie vun de geschwënn genannte Phänomener, mee maache just op e liicht erhéichte Risiko dofir opmierksam.

Wat geschitt also muer? An de fréie Moiesstonnen zitt fir d’éischt mol eng Waarmfront mat engem Reegebitt iwwert de Norde vu Frankräich, de Gros vun der Belsch, Holland & och Lëtzebuerg ewech. Am Virmëtte kënnt dëst Gebitt och am Nordweste vun Däitschland un. Et kann erëm zu Dauerreen-änlechen Zoustänn mat och deels gréisseren Zommen a kuerzer Zäit kommen, mee dat steet dës Kéier net am Fokus. Spannend ass, wat hannert der Waarmfront geschitt, iwwerdeems d’Kalfront sech och esou lues vu Westen hier op de Wee an eis Géigende mécht.


De Beräich, an dem sech Instabilitéit, Wandscherung & buedemno Loftfiichtegkeet am beschten iwwerschneiden | Grafik: Météo Boulaide, Hannergrond: GoogleMaps

De Modellrechnunge no kristalliséiert sech e Beräich eraus, an dem et tëscht de ville Wolleken éischtens zu e bësse Sonnenastralung kënnt – doduerch kann e bëssen Energie fir potenziell Donnerwieder opgebaut ginn. Dann kënnt dobäi, dass duerch d’Déifdrockgebitt eng definitiv signifikant Wandscherung virzefannen ass. Dat bedeit, dass sech d’Wandvitesse- & d’Richtung mat der Héicht méi markant ännert. E weidere Faktor ass eng héich Loftfiichtegkeet a Buedemhéicht, déi dozou bäidréit, dass d’Ënnergrenzen vun de Wolleken nawell déif hänken. All dat sinn Zutaten fir méiglech superzellulär Entwécklungen, bei deenen och eenzel Tornadoen net ausgeschloss wieren.

De Beräich zitt sech vum äusserste nërdleche Frankräich iwwer Deeler vu BeNeLux, dem Weste vun Däitschland a virun allem duerno an de Nordwesten eran. Dëst ass natierlech keng Garantie, dass iergendwou en extreemt Phänomen optrëtt, mee op alle Fall besteet awer e liicht erhéichte Risiko dovun. Dësen Artikel déngt also just zur Informatioun, dass falls en Donnerwieder optrëtt, et am Worst Case och e bësse méi zolitt kéint ginn. Nieft de genannte Phänomener ass esouguer ausserhalb vun engem Donnerwieder mat stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss vun tëscht 60 an 80 km/h ze rechnen, bei engem Donnerwieder kann et driwwergoen. Doriwwer eraus kënnen och Knëppelsteng optrieden.