Dat lescht Wuert ass zwar nach net geschwat, mee déi rezent Modeller rechnen d’Loftmassegrenz elo ëmmer méi oft iwwer BeNeLux, Mëtt vun Däitschland & Nordfrankräich. D’Situatioun muss am Aen gehal ginn.
Mix aus ville Nidderschlags-Zorten duerch Loftmassegrenz
D’Loftmassegrenz fir e Mëttwoch gëtt vun Dagz u Dag e méi grousst Thema – zumools, falls d’Modeller bei hirer momentaner Meenung bleiwen. De Fokus läit nämlech net nëmmen um Schnéi, mee och um Risiko vu Glëtz a verschidden aner Nidderschlagsformen. Dës wëll Mëschung ka fir spigelglat Stroosse suergen.
Well dësen Artikel just en Update ass, probéiere mir et e bësse méi kuerz ze halen. Op alle Fall kënnt e Mëttwoch eng Loftmassegrenz zustanen, dat well mëll Loftmassen aus Südwesteuropa op wanterlech Loftmassen aus Nordeuropa treffen. Do, wou se zesummekommen, forméiere sech ëmmer erëm Nidderschléi. Déi eng Säit vun der Front ass mëll, déi aner kal. Do, wou d’Loftmassegrenz genee driwwer ewechzitt, kënnt et am Ofstand vun e puer Stonnen zu abrupten Ännerungen vun de Nidderschlagszorten. Dëse Beräich ass e ganz schmuelen, iwwerdeems d’Loftmassegrenz selwer awer zimmlech breet ass. Heescht: E puer wéineg 100 Kilometer maache fir de Mëttwoch quasi “d’Welt” aus, well dat eng Prognos och mol komplett kéint op d’Kopp geheien. Kéim et nämlech nëmmen e bëssen anescht wéi berechent, da géif et beispillsweis just reenen amplaz schneien.
D’Modeller definéieren esou lues e Risiko-Beräich
An de leschten Deeg sinn d’Modeller vil hin an hier gespronge mat hire Berechnungen. Wat elo awer opfällt ass, dass dës Spréng ëmmer manner grouss ginn. Se pendle sech ëmmer méi tëscht engem Beräich vu Belsch/Holland/Nordrhein-Westfalen & Nordfrankräich esouwéi Saarland & Baden-Württemberg an – Lëtzebuerg läit also och do dran.
Dem Gros vun de Modeller no fänkt et e Mëttwochmoien u mat schneien, dat deels och méi kräfteg. Et kënnen also séier e puer Zentimeter leie bleiwen, wat schonn mol net esou gutt fir de Stroosseverkéier wier. Vum Nomëtten un géife mir kuerzzäiteg op déi méi mëll Säit vun der Loftmassegrenz geroden, wouduerch de Schnéi a Schnéireen a Reen géif iwwergoen. Sollt et reenen, da géif dësen um déifgefruerene Buedem direkt zu Äis ginn – de Risk vu geféierlech glate Stroosse géif also staark an d’Luucht goen.
Am Laf vum spéidere Nomëtten/Owend kéim dann déi méi kill Säit zréck, wouduerch d’Nidderschléi erëm a Schnéi iwwerginn. Et kéimen erëm e puer Zentimeter zesummen, iwwerdeems sech ënnert dem Schnéi eng Äisschicht befënnt, déi weiderhi fir geféierlech Konditiounen op Stroossen an Trottoiren kéinte suergen.
D’Schnéihéichten
Fir d’Schnéihéichte besser anzeschätze, musse mir nach e bësse waarden. Op alle Fall ginn d’Méiglechkeeten vun tëscht quasi näischt am Süden bis hin zu iwwer 30 cm am Norden. Et gëtt eng kuerzfristeg Geschicht. Mee wéi gesot: Och ouni Schnéi besteet d’Gefor vun immens glate Stroossen.
Ofgesi vum Schnéi stinn och grouss Reenzommen zur Optioun.
De Fazit
Well d’Modeller elo och ëmmer méi eis Groussregioun fokusséieren, ass elo d’Zäit komm, wou mir d’Situatioun genee mussen am Aen halen. Nach ass net dat lescht Wuert geschwat, mir mussen also d’Berechnunge an de nächsten Deeg ofwaarden. Späichert Iech dës Info just am Hannerkapp of.