Mexiko: Hurrikan ORLENE trëfft den Owend op d’Westküst

Nodeems een vill aus den atlanteschen Tropen héieren huet, gëtt et elo och iwwert dem Ostpazifik interessant.

ORLENE mat rasanter Intensivéierung

D’ORLENE, forméiert de 26. September, zu engem Tropestuerm ginn de 29. September an den 1. Oktober déi éischt Kéier Hurrikanstäerkt erreecht, war bis ewell net esou wierklech am mediale Fokus. De Stuerm huet awer trotzdeem e beandrockende Parcours hannert sech, wann een et aus Siicht vun der rapider Intensivéierung kuckt. De Samsdemëtte war de Stuerm nach en Hurrikan vun der éischter Kategorie, dat mat gemëttelte Wandvitesse vun 120 km/h. Mol keng 24 Stonnen dono, nämlech de Sonndemoien, ass esouguer kuerzzäiteg de Niveau vun engem Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala erreecht ginn – dat mat gemëttelte Wandvitesse vun 215 km/h.


Déi momentan Positioun vum ORLENE & de weidere Parcours | Grafik: NOAA / NHC

De Stuerm erreecht all Moment d’Inselen Maria Madre, Maria Magdalena a Maria Cleofas, dat als Hurrikan vun der zweeter Kategorie. Um spéiden Owend, resp. an der Nuecht op den Dënschden, trëfft de Stuerm dann och op dat mexikanescht Festland – dat an der Géigend vun El Rosario. Ënner séierer Ofschwächung erreecht de Stuerm den Dënschden Durango a fält a sech zesummen.

Nieft dem zolitte Wand besteet a Küstegéigend och erëm d’Gefor vun enger markanter Stuermflut.