MILTON: A just 24 Stonne vum Tropestuerm zu engem Kategorie 5-Hurrikan

Den Hurrikan MILTON reit sech an d’Lëscht vun de bis ewell stäerksten Hurrikanen am Golf vu Mexiko an. No enger kuerzer Ofschwächung ass mat enger weiderer Intensivéierung ze rechnen. Florida ass am Viséier.

Advertisement

Rapid Intensivéierung zu engem Hurrikan vun der héchster Kategorie

Um Owend vum 6. Oktober war de MILTON nach een Tropestuerm a louch um nërdleche Rand vun der Bahía de Campeche vu Mexiko. Gëschter Owend, also nëmme 24 Stonne méi spéit, huet de Stuerm d’Intensitéit vun engem Hurrikan vun der héchster fënnefter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala erreecht. Déi bis ewell intensivst Phas hat de Stuerm nordwestlech vu Mérida (Yucatan) mat duerchschnëttleche Wandvitessen vun 285 km/h a Wandstéiss vu bis ëm 350 km/h.


Déi momentan Satbild-Animatioun vum MILTON | Animatioun: tropicaltidbits.com

Iwwerdeems huet en en immens déiwe Loftdrock vu nëmme nach 897 hPa erreecht – zanter dem Joer 2000 hunn dat just d’WILMA (2005) an d’RITA (2005) gepackt. Dësen déiwe Loftdrock huet, nieft dem Wand, e groussen Afloss op d’Mierwellen: Duerch den déiwe Loftdrock gëtt de Mieresspigel nämlech ugehuewen a bréngt doduerch u noleiendem Land eng grouss Stuermflut.

Eng kuerzzäiteg Ofschwächung, ier et virugeet

De MILTON läit aktuell ëmmer nach e puer Kilometer vun der mexikanescher Küst ewech an ënnergeet e sougenannten “Eyewall Replacement”. Dobäi forméiert sech méi wäit ausserhalb vum Kär eng weider Mauer aus intensive Schaueren an Donnerwieder a beweegt sech ëmmer méi wäit op de Kär duer, wou nach déi aal “Eyewall” ass. Duerch dëse Prozess verléiert den Hurrikan kuerzzäiteg un Intensitéit, ier et dann duerno erëm zu enger neier Intensivéierung ka kommen. Am elo rezente Fall gëtt genee dat erwaart, schonn an e puer Stonne soll de Milton op e Neits en Hurrikan vun der fënnefter Kategorie sinn.


De viraussiichtleche weidere Parcours vum MILTON | Grafik: National Hurricane Center/hurricanes.gov

Muer, Mëttwochnomëtten, läit de Stuerm am Südoste vum Golf vu Mexiko a läit domat just nach 300 Kilometer vun der Westküst vu Florida fort. Et ass ze erwaarden, dass en vun dësem Zäitpunkt un op en Hurrikan vun der véierter Kategorie erofgestuuft gëtt. An der Nuecht op den Donneschden (eis Zäit) soll de MILTON iergendwou tëscht Cape Coral a Spring Hill, net wäit ewech vun Tampa, u Land goen – dat nach als Hurrikan vun der drëtter Kategorie. Trotzdeem wäert de Wand am Duerchschnëtt ëmmer nach mat méi wéi 200 km/h blosen, iwwerdeems tëscht 150 an 350 l/m² Reen erofkomme sollen – an dann sief och nach un eng massiv Stuermflut ze denken, duerch déi d’Biller leider erëm änlech wäerten ausgesinn wéi beim Hurrikan HELENE, deen virun e bësse méi wéi enger Woch de Nordweste vu Florida erwëscht hat.