Minimaltemperatur net ënner 36,2°C: Weideren Europa-Rekord kënnt aus Italien

De Rise-Knëppelsteen vu 19 cm ass net den eenzegen Europa-Rekord, deen Italien an de leschte Stonnen opgestallt huet.

Advertisement

Immens waarm Nuecht an Italien, neien Europa-Rekord!

Op Sizilien ass an der vergaangener Nuecht déi héchst jeemools gemoosse Minimaltemperatur gemooss ginn – e neie Rekord fir Italien, mee awer och Europa! Un der Statioun vum Palermo Observatoire ass tëscht 21 Auer gëschter Owend a 9 Auer haut de Moien eng Minimaltemperatur vu 36,2°C opgetrueden, un der Statioun vum Agrar-Wiederdéngscht SIAS waren et 37,2°C.

Sardinien

Déi bis ewell héchst Temperatur vun dësem Joer iwwert de ganzen europäesche Kontinent gekuckt louch bei 48,2°C a gouf zu Jerzu gemooss. Dëse Wäert gouf gëschter, 24.07.2023, festgehalen an ass simultan och déi héchst jeemools gemoosse Juli-Temperatur an Europa.

Mëttelmier

Mëtt Juli läit d’Waassertemperatur normalerweis bei tëscht 23 a 26°C, an Tëschenzäit ginn awer 28°C a méi gemooss. Fir de weidere Verlaf vum Joer kéint déi ze héich Waassertemperatur dann och erëm dozou bäidroen (wéi och an de Jore virdrun), dass sech an den Hierscht- esouwéi Wanterméint mat enger däitlech méi héijer Warscheinlechkeet kënnen markant Stierm & Déifdrockgebitter forméieren, déi extrem Reequantitéiten & Iwwerschwemmunge kënne mat sech bréngen.