Mir spekuléieren: Wéi ass et mat wäisse Chrëschtdeeg?

An dësem spekulativen Artikel kucke mir eis un, wat sech aus aktueller Siicht gesi fir Chrëschtdag kéint doen - well genee fir dann wëllen d'Modeller e wanterlechen Ëmschwong net ausschléissen.

Advertisement

Advertisement

Virwuert

Ob et wäiss u Chrëschtdag gëtt, zielt zu den am meeschte gestallte Froen am Dezember. Wat bei dëse “Prognosen”, déi ee lénks a riets gesäit awer wichteg ass ze soen, ass, dass et sech ëmmer ëm Spekulatioun handelt. D’Wieder kann ee nämlech just fir 3 Deeg, a rare Fäll esouguer 5 Deeg, méi oder manner genee viraussoen. Bei serieuxen éischte Blécker op Chrëschtdag baséiert een sech also ausdrécklech ëmmer op dat, wat d’Modeller de Moment fir de besoten Datum gesinn. Ass eng gewëss Konstanz dran, da kann ee sech esouguer trauen, dat Ganzt reegelméisseg ënnert d’Lupp ze huelen.

Fir d’éischt mol de sécheren Deel

An der Mëttelfrist geet et elo mol esou virun, dass mir et bis an déi nächst Woch eran ëmmer nach mat enger méi variabler westlecher Stréimung ze dinn hunn. Dat heescht, dass eis net nëmmen haut a muer nach Reen usteet, mee eben och nach an den Deeg drop. Gekoppelt ass dëst och mat méi lëftege bis deels stiermesche Momenter, en ausgewuessene Stuerm steet awer momentan net un.


De viraussiichtleche Verlaf bis de 17. Dezember | Animatioun: wxcharts.com

Bis e Mëttwochmëtte géife mir ënnert mëllen, onwanterleche Loftmasse leien, ier et haaptsächlech vum Donneschden un bis méiglecherweis an de Weekend eran erëm méi kal kéint ginn. De Grond dofir ass deen, dass en Donneschde viraussiichtlech en Héichdrockgebitt iwwert dem Oste vum Atlantik soll leien, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwer Osteuropa positionéiert ass. Verhaalt Iech d’Héichdrockgebitt, well dat gëtt nach interessant.

Héichdrock-Blocking an dann erëm Wanter?

Dës Iddi gëtt elo schonn zanter e puer Deeg esou berechent: Den europäeschen esouwéi och amerikanesche Modell ginn dovun aus, dass sech vum Freide, 15. Dezember un, lues awer sécher kéint e grousst Héichdrockgebitt iwwert eis breetmaachen. Duerch seng enorm Ausdeenung an Dréinrichtung mat der Auer géifen déi kill Loftmassen direkt erëm vun eis fortgedréckt ginn, iwwerdeems sech waarm Loftmassen aus dem Südwesten op eis duerbeweegen.


Pénktlech kuerz viru Chrëschtdag kéint sech eng déifwanterlech Loftmass duerchsetzen | Animatioun: wxcharts.com

Schonn fir ronderëmt de 19. Dezember soll duerch d’Ënnerstëtzung vun engem anere, groussen Héichdrockgebitt matten um Atlantik an zäitgläich déiwem Loftdrock iwwer Skandinavien eis uersprénglecht Héichdrockgebitt an de Süde vun Europa verdrängt ginn. Doduerch kéint sech d’Méiglechkeet erginn, dass sech kuerz viru Chrëschtdag tatsächlech eng wanterlech Nordoststréimung bei eis etabléiert. Et bréicht een also just nach e puer Nidderschléi fir de Schnéi, an déi wiere bei dëser Déifdrocklag net schwiereg ze kréien.

Fazit

Och wann et bis kuerz viru Chrëschtdag wuel net wierklech no nohaltegem Wanterwieder ausgesäit, kéint et sinn, dass sech kuerz virdrun dann awer nach eppes deet. Mir halen eis déi Iddien do mol zesummen am Aen, freet Iech op reegelméisseg Updates.