Modell-Update: Frësche Bléck op de Wand fir e Méinden

Hei dann och nach de gemittlechen Update wéinst den deels stiermesche Berechnungen, déi mir an de leschten Deeg fir e Méinde gesinn hunn.

Situatioun gouf bëssen entschäerft

Wéi bekannt, schléit d’Grousswiederlag jo elo geschwënn ëm. Mam Duerchzuch vun enger Waarmfront geroden däitlech méi mëll Loftmassen op Mëtteleuropa, wat de Wanter an de Schnéi fir eng Zäit verdrängt.

An elo zum Wand selwer: Vun Ufank un war jo souwisou ni d’Ried vun engem markante Stuerm, e puer Stuermstéiss waren awer warscheinlech. Och elo si se net méi ausgeschloss, mee se sollte net iwwert de Méinden dominéieren.


Hei gesi mir gutt, wou de Maximum vum Stuermfeld verleeft – an zwar nordwestlech vu Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com

Dem héichopgeléiste SuperHD vum Kachelmann no sollen eis an der éischter Dageshallschent vum Méinden Vitessen vun tëscht 55 a 75 km/h optrieden. Den amerikanesche Modell GFS weist sech weiderhin zimmlech offensiv an hätt onbedingt gären schwéier Stuermstéiss vu bis zu 90 km/h. De brittesche Modell gesäit bis zu 70 km/h an den europäeschen ass mat lok. 75 km/h dobäi.

Den aktuelle Fazit

De momentane Fazit ass also deen, dass et vun der Nuecht op e Méinden un zwar richteg lëfteg bis deels stiermesch gëtt – richtege Stuerm, wéi de GFS et gesäit, schéngt awer déi méi onwarscheinlech Variant ze sinn. Et kann een also mat Vitesse vu bis ëm 75 km/h rechnen, wat awer ëmmer nach dozou féiere kann, dass destabiliséiert Beem ëmfalen.