Modeller entscheede sech: Temperature fale geschwënn ëm 15 Grad

Nodeems sech d’Modeller an de leschten Deeg net esou wierklech decidéiere konnten, schénge se sech elo fir e méi markanten Abroch vu kille Loftmassen entscheed ze hunn. Wéi et virugeet an ob dat automatesch och Schnéi ze bedeiten huet, kucke mir eis elo un.

Advertisement

D’Situatioun

Iwwerdeems sech bis de Freide net all ze vill deet, installéiert sech spéitstens e Sonnden en Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen an déiwe Loftdrock iwwer Russland. Assistenz kritt dat Ganzt duerch weideren Déifdrock iwwert dem Mëttelmierraum. Duerch dës Konstellatioun gëtt e grousse Schwall u kale Loftmassen ugezaapt, dee säi Wee op Lëtzebuerg eroffënnt.


D’Entwécklung vun der Grousswiederlag de Sonndenowend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Doduerch ginn d’Temperature natierlech net nëmmen an der Héicht erof, mee och bei eis um Buedem – dagsiwwer wiere mir just nach ëmt de Gefréierpunkt ënnerwee. Wéi gesäit et mam Schnéi aus, a wat kann ee soss nach zu der Entwécklung soen?

De viraussiichtlechen Oflaf

Wéi gesot, ännert bis e Freide net vill. Kucke mir eis also direkt d’Deeg vum Samsden un un.

E Samsde si nach Maximaltemperature vun tëscht 3 a 6 Grad ze erwaarden, ier et an der Nuecht op de Sonnden schonn op tëscht -3 a -5 Grad erofgoe soll. E Sonnde selwer wiere mir nach mat Maximaltemperature vun tëscht 1 an 3 Grad dobäi, et zéien e puer Wolleken of a sonneg Momenter wieren och dobäi. Dëst wieren also, trotz nidderegen Temperaturen, ëmmer nach keng gutt Norichte fir all déi, déi sech de Schnéi zréckwënschen.

E Méindemoie wier et -3 bis -6 Grad kill, nëmme lues géife sech d’Temperaturen a Richtung Nomëtten eropschaffen. 0 bis 2 Grad solle bis iergendwann am spéidere Nomëtten erreecht ginn, wat definitiv 10 Grad méi kill wier wéi dat, wat mir de Moment erliewen. En Dënschde géif et mat 2 bis 5 Grad am Dag erëm méi mëll ginn, wat e Mëttwoch mat 5 bis 8 Grad aus aktueller Siicht gesinn och esou virugoe géif.

Et ass awer nach ze soen, dass duerch kuerzfristeg Ännerungen an der Atmosphär (Inversiounslag) punktuell begrenzt däitlech méi niddereg Wäerter net kënnen ausgeschloss ginn.

Fazit

Et gëtt also erëm zimmlech kal bei eis, en Temperaturréckgang vu méi wéi 10 Grad steet un. Wat de Schnéi betrëfft sollt eis näischt all ze interessantes ustoen. Den déiwe Loftdrock, deen eis e bësse liichte Nidderschlag brénge kann, hält bis e Samsden. Vum Sonnden un bis an déi nei Woch eran ass awer haaptsächlech héije Loftdrock um Wierk, deen kee Nidderschlag wéi Schnéi zouléisst.