Modeller gi méi konkret: UPDATE zur Donnerwiederlag muer um Sonnden

E Sonnde steet dem äusserte Norde vu Frankräich, BeNeLux & dem Westen esouwéi Nordweste vun Däitschland eng Donnerwiederlag un. Punktuell sinn duerch gréisser Knëppelsteng, schwéier Stuermstéiss a Staarkreen och onwiederaarteg Entwécklunge méiglech.

Advertisement

Modeller gi méi konkret

Anescht wéi bei der Donnerwiederlag vum 22. Juni 2023 si sech d’Modeller dës Kéier vill méi iwwert déi räimlech Agrenzung & d’Intensitéit eenz. Am Laf vum Moie fänkt sech un, e klengt Donnerwiederdéif iwwert dem zentrale Frankräich ze forméieren. Dëst Déifdrockgebitt zitt mat sengem Kär a Richtung Lëtzebuerg a wäert méi oder manner iwwert den Dräilännereck BeNeLux ewechzéien. Um Wee vum Kär sinn d’Konditioune fir deels méi zolidd Donnerwieder op alle Fall ginn, dat duerch CAPE-Wäerter vun tëscht 1200 an 2000 J/kg um Wee bis erop. D’Déif bréngt dann nach déi néideg Wandscherung mat sech (Changement vun der Wandvitesse- & Richtung mat der Héicht) esouwéi och Loftfiichtegkeet, fir dass d’Konditioune fir déi méi kräfteg Entwécklunge nach besser ginn.


D’Berechnung vum AROME fir e Sonnden. Et gëtt knapp fir eist Ländchen | Grafik: wxcharts.com

D’Donnerwiederdéif verlagert sech am spéideren Dag an déi nërdlech Deeler vun Däitschland virun, ier dann d’Nidderschléi déi dru gekoppelt sinn esou lues un Intensitéit verléieren.

D’Agrenzung vum Risikogebitt

Och wa sech d’Modeller vergläichsweis eenz sinn, ass déi ganz exakt viraussiichtlech Positioun vun den Zellen net bekannt. Wann een eng ganz Partie Modeller mat abezitt kënnt een awer op de Fazit, dass den héchste Risiko fir déi méi zolidd Donnerwieder an enger Sträif vu Paräis iwwer Reims, de Gros vun der Belsch, de Süde vun Holland an an Deeler vum Westen & Nordweste vun Däitschland zitt. Och Lëtzebuerg läit mat an dësem Risiko-Gebitt, mee tendenziell méi d’Nordspëtzt vum Land.


Wou d’Warscheinlechkeet fir zolidd Donnerwieder am héchsten ass | Grafik: Météo Boulaide

An dem manner déck gekennzeechente Gebitt kann et zwar wuel och zu Donnerwieder kommen, och där kräfteger – mee mat enger manner grousser Ausbreedung & manner héijer Warscheinlechkeet. Domat ass also gewosst, dass et muer entweder en Treffer fir Lëtzebuerg gëtt oder awer och e Sträifschoss.

Den Zäitpunkt mam héchsten Donnerwiederrisk zu Lëtzebuerg géif sech op tëscht 15 an 18 Auer beschränken. An der Realitéit kann et awer zu Ofwäichunge kommen.

Agrenzung vun der Intensitéit

Et wäert net jiddereen an de markéierte Gebitter treffen, méi genee gesot esouguer déi mannst. Déi richteg zolidd Phänomener triede lokal op – do wou se optriede, besteet de Risk vu gréissere Knëppelsteng (3 cm am Duerchmiesser), Stuermstéiss bis schwéiere Stuermstéiss (80 – 115 km/h) & zolittem Staarkreen mat deels 30 l/m² a kuerzer Zäit oder och eppes driwwer. Déi manner staark Donnerwieder kënnen och Staarkreen, Knëppelsteng a Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h mat sech bréngen.