Modellgeflüster: Besteet nach eng Chance op mëllt Wieder? | GFS vs. ECMWF

D’Wiedermodeller GFS an ECMWF berechne fir déi nächst Zäit deels méi interessant Zenarien. Dem zweete Modell no kënnt gläich d’Chance op erëm méi mëllt/waarmt Wieder op. Mee wéi eescht kann een dat huelen a wat ass wierklech drun?

Summerlech Temperature sinn ëm dës Joreszäit theoretesch méiglech

Och an engem Oktober kënnen theoretesch nach Temperature vun tëscht 23 an 28 Grad optrieden, sou wéi den 13. Oktober 2018 uechter grouss Deeler vu Mëtteleuropa. Bei eis zu Lëtzebuerg ass deemols un der ASTA Wiederstatioun zu Réimech eng Héchsttemperatur vun 28,4 Grad gemooss ginn. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent d’nächst Woch mat der Warscheinlechkeet vun der Zoufuer vu mëlle bis waarme Loftmassen, déi eis Temperaturen erëm op däitlech iwwer 20 Grad katapultéiere géifen. Fir ongeféier d’Warscheinlechkeet anzeschätzen, wéi warscheinlech et ass, dass dësen Zenario antrëtt, vergläiche mir de selwechten Zäitstempel vun der Berechnung mat deem vum amerikanesche Wiedermodell GFS.


Déiwe Loftdrock iwwert de britteschen Inselen an héije Loftdrock iwwert dem Südoste vum Kontinent géifen an enger Waarmloft-Oder fir Mëtteleuropa resultéieren. | Grafik: wxcharts.com

Fänke mir mam europäeschen ECMWF un, dee vum Dënschden, 20. Oktober op de Mëttwoch, 21. Oktober 2020 en Déif iwwert dem Atlantik gesäit, wat sech ëmmer méi verdéift an akréngelt. Géif et dem momentane Modelllaf nogoen, da géif de Mëttwochmoien (21. Oktober 2020) e schwéiere Stuerm op Deeler vum Weste vu Frankräich an och grouss Deeler vun de britteschen Inselen treffen. D’Stréimung vun dësem staarken Déifdrockgebitt hätt ee groussen Aflossberäich a géif waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum op Europa droen. Ënnerstëtzt ginn géif dat ganzt vun engem groussen Héich iwwert dem Südoste vum Kontinent. Héich an Déif gräifen aneneen, dotëscht fléissen dann déi waarm Loftmassen a Richtung Norden. De Modell berechent, Stand elo, Temperature vun ëm 15 Grad op 850 hPa, wat enger Héicht vun annerhallwem Kilometer entsprécht. Op de Buedem iwwerdroe wieren dat däitlech iwwer 20 Grad.

Selwechten Zäitpunkt, anere Modell: och den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat enger staarker Déifdrockentwécklung iwwert dem ëstlechen Atlantik am Beräich Frankräich/brittesch Inselen. Den Déifdrockafloss usech leet sech awer schon zimmlech fréi iwwert de Groussdeel vum europäesche Kontinent, den héije Loftdrock bleift vill méi wäit iwwert dem Osten. De Prinzip ass de selwechten: tëscht Déif an Héich gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum eropgedréckt, mee well dësem Modell no déi ganz Konstellatioun méi wäit ëstlech orientéiert wier, géife mir net vill bis guer näischt vun de waarme Loftmassen ofkréien. Zur selwechter Zäit wier bei eis d’Warscheinlechkeet vu staarkem bis stiermeschem Wand bësse méi grouss, well de Kär vum sech staark intensivéierten Déif e gutt Stéck méi wäit u Lëtzebuerg laanschtschramme géif wéi z.B vum ECMWF berechent.

Fazit: Mir gesinn, dass et méi oder manner warscheinlech zu engem gréissen Déif iwwert dem Oste vum Atlantik komme kann. Just kann een duerch déi zäitlech Distanz an déi doraus resultéierend Onsécherheet vun de Modeller net soen, wéi wäit den déiwe Loftdrock op Mëtteleuropa iwwergräife wäert. Dëst hätt nämlech zu engem groussen Deel ze entscheeden, ob déi waarm Loftmassen aus dem Süden och bei eis komme kënnen oder net. Dësen Artikel war keng Prognos, mee eng kleng Analys vun den zwee genannte Modeller a wat geschéie géif, wa sech eng jeeweileg Léisung duerchsetze géif.