Virwuert
Ier mir ufänken, hei nach d’Info, dass et sech bei dësem Artikel nëmmen ëm d’Modellrechnunge vum Mëttwochowend handelt. A well sech dat Ganzt hei och net am sécheren Zäitraum vun 3 Deeg befënnt, sollt een déi nächst Zeilen mat virsiicht genéissen. Et ass eng Interpretatioun vum momentane Stand a keng Prognos. Firwat et trotzdeem relevant ass, driwwer ze schwätzen, dat kläre mir elo.
Verglach tëscht de Modeller
De meteorologesche Wanter fänkt den 1. Dezember un, wat heescht, dass wann et elo schonn schneie géif, dat definitiv zimmlech fréi wier. An der Vergaangenheet ass dat awer schonn mol virkomm, deelweis esouguer am Oktober. Et wier also ze fréi, mee näischt wat mir nach net gesinn hunn. Mir vergläichen elo d’Modeller ECMWF a GFS mateneen a kucken, wéi dës dann d’Chancen op en éischte wanterleche Virgeschmaach nach fir dëse Mount gesinn.
GFS
Den amerikanesche Wiedermodell GFS weist an de leschte Leef ëmmer erëm Solutiounen, duerch déi et op mannst zu engem minimalen éischte Virgeschmaach vu wanterlechen Entwécklunge komme géif. Am neiste Modell-Laf (Stand aktuell: 10.11.2022 – 02:48 Auer) beseet, dass vum 16. November un d’Warscheinlechkeet besteet, dass e ganze Batz Keelt aus Russland kënnt a sech dann iwwer Lëtzebuerg an och eis Nopeschlänner leet. Verantwortlech dofir wier e grousst Héichdrockgebitt, wat mat sengem Kär iwwert dem Norde vu Schweden a Finnland läit. Duerch d’Beweegung mat der Auer géif d’Keelt aus dem Polarkrees ronderëmt dëst Héichdrockgebitt an eis Géigende gelenkt ginn. Dës Phas géif dann erëm, sou de momentane Modellstand, den 20. November erëm op en Enn goen.
Kéim et esou, dann hätte mir an éischter Linn just wanterlech Temperaturen ze erwaarden. Well d’Stréimung awer aus Oste kéim, wier et zimmlech dréchen – eng dréche Keelt also. D’Iddi vum Modell ass de Moment awer déi, dass nach kuerz virum Zäitpunkt, wou déi méi kal Phas op en Enn goe soll, aus Westen en Déifdrockgebitt erandréckt. Dëst Déifdrockgebitt géif säi Nidderschlag an déi kill Loftmassen iwwer Mëtteleuropa erandrécken an sou d’Warscheinlechkeet vun den éischte Flacken – op mannst mol op den héchste Koppen – an d’Luucht drécken. Soubal dat Déif duerch ass, wier de Wee erëm fräi fir mëll Loftmassen, déi eis erëm zréck an dat momentant Muster zréckgeheie kéinten.
ECMWF
D’Meenung vum europäesche Modell ECMWF ass e bëssen eng aner: de Modell gesäit och fir den 16. November, dass sech e grousst Héichdrockgebitt iwwert dem nërdleche/nordëstleche Skandinavie positionéiert, an doduerch méi kill Loftmassen a Richtung Europa dréckt. Just géif dann de Problem bestoen, dass e gréisseren Déifdrock-Käil (op Däitsch “Keil”) vum Ärmelkanal hier bis an de BeNeLux-Beräich erageet. Duerch dëse Käil ginn déi kill Loftmassen aus Russland dovun ofgehalen, méi wäit an de Süde vu Mëtteleuropa virzedréngen. Chancen op Schnéi géif de Modell doduerch also méi iwwert dem Nordoste vun Däitschland gesinn, iwwerdeems de ganze Rescht näischt dovu spiere géif. Duerno, an dat schonn den 18. November, géif mëll Déifdrockloft vum Atlantik erëm d’Iwwerhand gewannen.
Fazit
Déi ganz Geschicht ass vu gewësser Relevanz, well déi zwee Modeller änlech Iddien an hire Berechnungen hunn – an tendenziell och ufänken, ëmmer méi oft esou ugewisen ze ginn. Sollt sech dat Ganzt esou, oder sou änlech duerchsetzen, dann wier et éischter méi eng Situatioun, an där et däitlech méi kill géif ginn – a wou sech de Frascht och méi laang an den Dag eranzéie géif. Dass sech d’Situatioun mat den éischte Flacken op de Koppe vu Lëtzebuerg (vum GFS also) sech duerchsetzt, erfuerdert immens vill Chance.
Tendenz also: wann et zoutrëfft, dann haaptsächlech a Punkto Temperaturen a Frascht. Ob Flacken op den héchste Koppen eng Roll spillen, sollt ee besser nach ofwaarden.
Dëst ass een vu ville weidere Wanter-Updates, déi dës Saison nach komme wäerten.