Modellgeflüster: En éischte Bléck op den Ufank vum Oktober

Mir hunn eis an de leschten Deeg haaptsächlech op de Wiederëmschwong fokusséiert, deen elo onmëttelbar bevirsteet. Mee wéi kéint et duerno virugoen?

An Zäit vun de nächste puer Deeg wäert et däitlech manner waarm zu Lëtzebuerg ginn an och de Reen huet méi oft d’Chance, endlech mol erëm nennenswäert Quantitéiten ze bréngen. Dës Phase wäert awer net all ze laang unhalen, op mannst mol déi, wou d’Temperaturen esou déif leien. Wat kéinte mir ufanks Oktober ze erwaarden hunn?

Geet et dem GEFS (Global Ensemble Forecast System) no, da sollen d’Temperature schonn vun der nächster Woch u lues a lues erëm bësse klammen. Zwar sinn do keng héich Wäerter ze erwaarden, mee vun do u kéint sech erëm e liichten Opwäertstrend etabléieren (nodeems se virdrun plazweis net méi vill méi wäit wéi 10 Grad am Dag geklomm sinn). Iwwerdeems sinn awer ëmmer nach reegelméisseg Schaueren en Thema, wou een awer elo nach net soe kann, ob dës flächendeckend optriede wäerten. Duerch en Déifdrockgebitt, wat sech iwwert dem südwestleche Frankräich oder och iwwert der Mëtt dovu positionnéiere kéint, kéinte nach eng Kéier kuerz méi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum ugezaapt ginn. Dëst géif dozou féieren, dass tëscht dem 1. an dem 5. Oktober eventuell erëm Wäerter vu maximal 20 Grad a liicht driwwer optriede kéinten. Och dëst wier erëm séier vergänglech, well dës Wiermtzoufuer schonn de 7. Oktober erëm duerch en Abroch vu kille Loftmassen ënnerbrach kéint ginn. Schold dru wier en Déif iwwert dem Nordmier an d’Azorenhéich, wou dotëscht déi kal Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg fannen.


De GEFS-Ensemble bis den 8. Oktober 2020 | Grafik: meteociel.fr

Och dem europäesche Modell ECMWF no kéint sech Ufanks Oktober eng Wiederlag astlelen, déi et zouléisst, dass et nach eng Kéier kuerz iwwerduerchschnëttlech waarm fir d’Joreszäit kéint ginn. Mee egal ob ECMWF oder GEFS – dëst ass just Modellgeflüster also méi oder manner Spekulatioun. Et soll just eng Iddi doriwwer ginn, a wéi eng Richtung et demnächst goe kéint.