Modellgeflüster: Firwat et elo héich Zäit fir Wanterpneue gëtt

No de Rekordtemperature vum Méinde kann ee sech nemme schlecht virstellen, dass et an de nächsten Deeg deels fraschteg virugoe wäert. Huet de Wanter schonn seng Fanger am Spill?

Glat Stroossen an de Moiesstonne méiglech

Um Méindenowend huet eis eng Kalfront passéiert, hannert där polar Loftmassen eragefloss kommen. Dës kill Loftmasse bleiwen eis nach bis den Donneschden erhalen, ier et erëm méi waarm sollt ginn. Eng weider Wiederlag mat potenziell méi wanterlechem Wieder kéint eis Mëtt November ustoen. Mee elo mol der Rei no.

Ier mir vun de méiglechen Entwécklunge schwätzen, déi eis Mëtt November bevirstoe kéinten, kucke mir eis déi nächst Deeg un. Déi polar Loftmasse suerge nämlech haaptsächlech an de fréie Moies- an och an de Nuetsstonne fir Buedemfrascht a plazeweis och mol glat Stroossen. An der Nuecht op de Mëttwoch falen d’Temperaturen op 5 bis 1 Grad, am keelste gëtt et an der Nordhallschent. An eenzelnen Däller sinn och mol Wäerter vun ëm -1 Grad méiglech. Domat wier net nëmme mat Buedemfrascht, mee och mat Loftfrascht ze rechnen. Deemno wéi kéint et streckeweis och mol glat ginn.

Advertisement


An der Nuecht op den Donneschde soll den Thermometer nach e gutt Stéck méi wäit falen: am ganze Land sollen d’Wäerter sech tëscht -3 an 2 Grad ophalen. Lokal begrenzt kéint et och ënnert déi genannt Wäerter goen. Genee wéi an der Nuecht virdru besteet erëm d’Warscheinlechkeet vu punktuell glate Stroossen. Och an der Nuecht op de Freide soll et plazeweis nach eng Kéier fraschteg ginn.

Lokal Flacken an der zweeter Hallschent vum November?

Vun der zweeter Hallschent vum November un rechnen d’Modeller schonn e puer Woche laang mat der Méiglechkeet, dass sech méi wanterlech Zenarien duerchsetze kënnen. Ier mir awer an de méi interessante Beräich komme, gerode mir vum Mëttwoch un ëmmer méi ënner Héichdrockafloss. Dëse soll sech bis ëmt de 15. November 2020 oprechterhalen (wa net esouguer méi laang), dat incl. enger klenger potenzieller Ënnerbriechung wärend dem Weekend vum 7. an 8. November. Halen d’Modellrechnungen hir Simulatioune bäi, da wier op alle Fall mol bis an déi zweet Hallschent vum Mount eran mat net all ze ville Nidderschléi ze rechnen.


Eng Grousswiederlag, déi wanterlecht Wieder zu Lëtzebuerg zouloosse géif. GFS Laf vum 02. Nov. 12Z. | Grafik: wxcharts.com

Interessant gëtt et vun ëmt de 15. November 2020 un, wou d’Wiedermodeller ëmmer erëm mat der Méiglechkeet vun engem Abroch vu wanterleche Loftmassen aus nordëstleche bis ëstleche Richtunge rechnen. Ëmmer erëm ass och mol e Modelllaf dotëscht, deen dat ganzt erëm méi waarm berechent, mee déi wanterlech Variante kommen an de Kaarten ëmmer erëm zréck. Dëst ass en Hiweis drop, dass nëmmen déi klengst Ännerung, déi vun der Mëtt vum November optrëtt, grouss Auswierkungen kann hunn. D’Haaptiddi vun de Modellrechnungen ass déi, dass sech en immens grousst Héichdrockgebitt iwwert eise leeë soll – dat mam Kär iwwer Skandinavien a Russland. Iwwert dem südlechen Europa wier déiwe Loftdrock virzefannen, wouduerch mir ënner eng wanterlech kill Oststréimung gerode géifen. Dës kill Oststréimunge sinn dofir bekannt, dass et bei eis knackeg kal ka ginn, mee schwätze net fir all ze vill Schnéi. Déi eng oder aner Schauer jo, mee keng immens grouss Quantitéiten. Fir déi grouss Schnéiquantitéite bréicht een eng nërdlech bis nordwestlech Stréimung, duerch déi polar, mee och fiicht Loftmasse gläichzäiteg an eis Géigende gedroe ginn.

Beispill vun enger ze waarmer Wiederlag

Wéi virdru gesot, sinn tëscht de wanterleche Modellleef och eng ganz Partie Simulatiounen dobäi, déi an der zweeter November-Hallschent eng ze waarm Period op eis duerkomme gesäit. An dësem Fall hätte mir de virdru genannte wäit ausgedeenten Héichdrockafloss méi wäit iwwert dem Oste vum Kontinent leien. Wanterlecht Wieder wier dann héchstens mol am Oste vu Polen méiglech, souwéi awer och an den Alpen. En anert Héich läit iwwert dem Mëttelmierraum a blockéiert, opgrond vu senger Gréisst, de potenzielle Wee vu kille Loftmassen aus dem Osten. Vu virun der Küst vu Portugal bis erop bei d’Brittesch Inselen hätte mir eng Déifdrock-Zong leien, ëstlech dovun e gréissert Héich am Beräich vun den Azoren. Des Konstellatioun géif dozou féieren, dass mir keng wanterlech Loftmassen aus Osten ze erwaarden hätte, mee ze waarm Loftmassen aus dem westleche Mëttelmierraum, dem Atlantik an esouguer aus dem nërdlechsten Afrika.


Eng alternativ Variant, déi ze waarmt Wieder op eis duerkomme gesäit. GFS Laf vum 2. November 18Z | Grafik: wxcharts.com

Interpretatioun vum GFS Ensemble

Mir hunn elo zwee potenziell plausibel Zenarie gesinn. Mee wéi warscheinlech ass et dann elo, dass Zenario “X” antrëfft? Eng genee Äntfert dodrop gëtt et zwar net, mee wa mir de GFS Ensemble mat dobäi huele kann et op mannst bëssen ofschätzen, a wéi eng Richtung et geet. Op dëser Grafik hei hunn ech zwou zousätzlech Linnen agezeechent. Déi blo Linn markéiert d’-5 Grad Isotherm (850 hPa =1,5 Kilometer) an ass och dee Beräich, an deem op den héchste Koppe vum Land Schnéifall méiglech wier. D’Linn drënner, déi moof, markéiert d’Isotherm vu -10 Grad. Bei Temperaturen an dësem Beräich géif et theoretesch gesi fir Schnéi bis ganz erof duergoen.


De GFS Ensemble vum Méinden, 02. November 2020 00Z | Grafik: wetterzentrale.de

All déi aner Linnen, déi an der Legend ënnendrënner als “Pxx” gekennzeechent sinn, handelt et sech ëm sougenannt “Memberen”. All Member ass eng eenzel Berechnung, déi vun enger jeeweils anerer Ausgangspositioun ausgeet. Wat dës Membere méi no unenee sinn, wat eng Wiederlag méi sécher ass – wat méi wäit auserneen, wat méi onsécher. Mir gesinn, dass de Gros vun de Memberen zesumme mam Duerchschnëtt aus der Referenzperiod vu 1981 bis 2010 a Richtung Enn November biergof ginn. Déi wäiss Linn, den Duerchschnëtt vun alle berechnete Membere, geet nom 23. November a Richtung 5 Grad Isotherm. Kuckt ee sech déi eenzel Memberen u séch un, da gesäit een, dass der eng ganz Partie an de potenziell wanterleche Beräich ginn – eenzelner och op d’-10 Grad op 850 hPa duer, wat awer aus aktueller Siicht gesinn extrem onwarscheinlech ass.

Dass d’Situatioun zweegespléckt ass, weisen déi aner Memberen, déi an der Géigend vun der 0 Grad-Grenz an driwwer ronderëmschwiewen. Wéi soll een d’Gesamtsituatioun dann, wéi se elo ass, interpretéieren? Et sief mol gesot, dass an der zweeter Novemberhallschent op alle Fall en Ëmschwong bevirstoe kéint. Et ginn dräi méiglech Zenarien, déi do antriede kënnen: 1. déi ze waarm Variant, 2. déi wanterlech Variant, 3. eng Mëschung aus béidem. Déi drëtt Variant wier déi, dass et, nodeems et no der killer Phas, déi ronderëmt de 15. November ufänke soll, a Richtung Enn November erëm méi waarm gëtt fir eng kuerz Zäit.

De Fazit

Wa sech déi méi kill a wanterlech Variant duerchsetze sollt, da wier dat net de grousse Wanterabroch. Et wier just déi éischt Kéier fir d’Saison, wou sech wanterlecht Wieder bei eis breetmaache géif. Weise géif sech dës Situatioun duerch Frascht an de Nuechten, woubäi och am Dag just nach Wäerter vun ëm 5 Grad géifen areecht ginn. Buedemfrascht a glat Stroosse wiere normal. Duerch de méi staarken Héichdrockafloss kéim et net oft zu Nidderschléi a Form vu Reen oder Schnéi. Haaptsächlech an de fréie Moiesstonnen an och wärend de Nuechte wier mat Niwwel ze rechnen.

Tëscht dëser an där potenziell méi waarmer Phas läit eng schaarf Grenz. Alleng nëmmen duerch déi deels abrupt Ännerunge vu Modelllaf zu Modelllaf kann een erausliesen, dass vun der zweeter Novemberhallschent un alles méiglech ass. Huele mir mol un, déi waarm Phas géif sech duerchsetzen. An dësem Fall kéinte spontan a schonn nëmme kleng Ännerungen an der Wiederkiche dofir duergoen, dass op eemol awer déi kill Loftmassen aus Russland ugezaapt ginn. Natierlech kann elo nach kee soen, wéi d’Wieder an deem genannten Zäitraum wierklech gëtt, mee e Sprong op wanterlecht Wieder, op mannst a Form vu Frascht an de Moies- a Nuetsstonnen mat ganz vereenzelte Flacken op de Koppen, ass vum 15. November un an duerno zu jidderzäit méiglech. D’Kaarte mussen an de nächsten Deeg a Woche ganz genee am Aen gehal ginn. Spéistens am Laf vun de nächsten Deeg sollt een d’Wanterpneuen awer opgezunn hunn.