Modellgeflüster: Kënnt an enger gudder Woch de Summer op Lëtzebuerg?

Déi méi héich Temperature maache sech dëst Joer jo nëmme lues bei eis breet, mee neiste Berechnunge no kéint et geschwënn zimmlech séier goen. D’Modeller weisen ëmmer méi fréisummerlech Zenarien, nach ier de Juni ugeet.

Advertisement

D’Wiedermodeller kippen…

… an deemno wéi kéint et nach dëse Mount fir summerlech Temperaturen zu Lëtzebuerg duergoen. Den éischte Summerdag hu mir jo schonn hannert eis, mee dat war just punktuell an och nëmme kuerz de Fall. D’Situatioun, déi eis elo geschwënn kéint erwaarden (falls d’Modeller esou bleiwen) géif eis direkt e puer meteorologesch Summerdeeg op Lëtzebuerg bréngen.

Wat soll geschéien?

Déi momentan Modeller rechnen ëmmer méi domat, dass sech vum 20. Mee un a klenge Schrëtt soll déiwe Loftdrock iwwert de Südweste vun Europa leeën. Dat wier eng éischt Phas, an der zweeter soll sech dann e gréissert Déifdrockgebitt westlech vu Frankräich stationéieren – sou ronderëmt den 28. Mee, wéi déi momentan Modeller et berechnen.

Zur selwechter Zäit wier iwwert de méi ëstlechen Deeler vum Kontinent héije Loftdrock ze fannen. Duerch d’Stréimungsmuster, wat doduerch entsteet, géifen zimmlech waarm Loftmassen an eis Géigenden transportéiert ginn. Tëscht dem 26. Mee an den éischte Juni-Deeg géife mir et de momentanen Donnéeë no mat Maximaltemperature vun tëscht 25 a 29 Grad ze di kréien.

Et gëtt awer en AWER

Sollt sech dës theoretesch Grousswiederlag wierklech an d’Realitéit ëmsetzen, da wier et zwar waarm, mee immens schmeier. Aus dem Westen, mee zäitweis och Süde vun Europa, géifen eis immens fiicht Loftmassen zougespillt ginn, déi an der fiichtwaarmer Loft ëmmer erëm fir Schaueren an Donnerwieder géife suergen. Mir géifen dobäi meeschtens ënnert enger südëstlecher bis ëstlecher Stréimung leien, déi net all ze staark ass. Entstinn an dëser Loftmass also Schliet, da beweege se sech net séier vu Plaz. Ass dann e méi kräftege Schluet oder en Donnerwieder dobäi, géif séier de Risk vu lokalen Iwwerschwemmungen an d’Luucht goen.


Beispill vun enger waarmer, mee trotzdem Schauer- an Donnerwiederräicher Loftmass | Grafik: wxcharts.com

Kënnt d’Wiermt also wierklech, da géif eis zur selwechter Zäit eng fiichtwaarm Zopp mat variablem Wieder erwaarden. Nach ass awer näischt confirméiert, dohier heescht et fir de Moment mol ofwaarden.