Modellgeflüster: Kënnt de Wanter rëm zréck?

Déi Leit, déi sëch nach gären ë bësse Wanter wënschen, wärte sëch bestëmmt iwwert déi nächst Zeile freeën. Déi aner…. naja… nët sou. Während den amerikanësche GFS dës Tendenz nach nët sou staark dran huet, huet den europäëschen ECMWF ë puer méi kill Léisunge parat.

Nodeems déi grouss Keelt vu virun ë puer Wochen ofgezunn ass, hunn ech betount, dass een sëch nët ze wonnere brauch, falls de Wanter am März awer nachengkéier zréckkënnt. Dëst wier och ganz normal an alles aneschters wéi aussergewéinlëch. De März ass en Iwwergangsmount an do kann d’Wieder och mol, genee wéi am Abrëll, staark vu Woch zu Woch (oder Daag zu Daag) variiéieren.

De Moment leie mir an enger éichter mëller Stréimung, soudass eis Temperaturen am Daag zwëschen 7 an 15 Grad leien. Leider kënnt ët dobäi ëmmer rëm zu Nidderschléi aus westlëche bis südwestlëche Richtungen, déi dovir verantwortlëch sinn, dass mir kee schéint sonnëgt a waaremt Fréijoerswieder genéisse kënnen. Verschidde Modellrechnunge no kéint ët awer geschwënn Schluss domadde sinn.

De GFS huet och ëmmer méi déi méi kill Loftmassen um Schierm, ass awer vergläichsweis nach zimmlech zréckhaalend. Den europäëschen ECMWF ass a Saache Comeback vun der Keelt, vum “Wanter”, méi optimistësch. Dëse gesäit vir Enn der nächster Woch kaal Loftmassen, déi aus nördlëche Richtungen op eis duerzéie kënnen. Soumadde kéinten d’Temperaturen am Daag rëm op rondrëmt de Gefréierpunkt faalen an an de Nuechten wieren rëm vill méi däitlëch Minusgraden ze erwaarden. Ë bësse Schnéi wier dobäi och nët onméigleg.

Zoufloss vu neie, polare Loftmassen aus dem Norden. Modell: ECMWF. Copyright by wetterzentrale.de / editéiert vu Météo Boulaide

Dobäi muss gesoot ginn, dass de Moment just eenzel Modellrechnungen dës Optioune komme gesinn. Ët ka kommen, mee ët muss nët. Ët ass op alle Fall eng Saach, déi ganz interessant ass. Ech wärt ët vir Iech am Aen behaalen.