Modellgeflüster: September kéint ze mëll mee naass genuch ausfalen

Summerlech Temperature, wéi mir se nach virun enger Woch haten, wäerten an de nächste Wochen ëmmer méi onwahrscheinlech ginn. Kee Wonner: Mir si scho September! An dësem Artikel geheie mir e Bléck op d’Laangzäitberechnunge vum CFS-Modell fir ongeféier aschätzen ze kënne, wéi et fir de Rescht vum Mount September weider goe kéint.

Minimal ze waarm

Den CFS Modell (Climate Forecast System) ass e Mëttelfrist- bis Laangzäitmodell a rechent bis zu 6 Méint am Viraus. Et handelt sech dobäi also net ëm Prognosen, mee Estimatiounen.

Nodeems och déi lescht puer Méint ze waarm ausgefall sinn, soll dem CFS no och de September rem liicht ze waarm ausfale kënnen. Wann ee sech déi momentan Ensemblerechnunge vum amerikanesche GEFS ukuckt, da kéint dëst virun allem an der zweeter Halschend vum September de Fall sinn. D’Temperature kënnen am Extremfall just nach op em 25 Grad klammen (Spillraum 2 Grad), alles wat driwwer ass oder souguer 30 Grad si fir de September an och de Rescht vum Joer extrem onwahrscheinlech. Déi wierklech summerlech Temperature wäerten eis nach am Laf vun dësem Mount spierbar verloossen.

Ënnert dëse Links kënnt Dir Iech d’Estimatioune vir déi nächst 6 Méint ukucken: Temperatur | Reen

Temperaturanomalie fir de September (CFS)

Aktuellem Stand no “normal naass” fir September

An engem September kommen um Findel am Duerchschnëtt 72 l/m² vum Himmel, zu Klierf ass et mat 75 l/m² am naassten. Kuckt ee sech dann elo déi momentan Berechnunge vum CFS a Punkto Nidderschléi un, da sollte mir dëse Mount tatsächlech bei ähnleche Wäerter rauskommen. Mir leie nämlech genee tëscht liicht ze vill an ze drëchen, also genee richteg.

An de leschte Méint war et einfach ze drëchen zu Lëtzebuerg. De leschte Mount goufen um Findel 50,9 l/m² gemooss, normal sinn awer 64 l/m². Méi eng grouss Differenz gouf et am Juli. 16,9 l/m² sinn do gefall, woubäi et awer normalerweis am Duerchschnëtt 71 l/m² reent. Bezunn gëtt sech an dësem Fall op d’Donnéeë vun der Wiederstatioun vu MeteoLux, dat an engem Zäitraum vu 1971 bis 2000.

Nidderschlagsanomalie fir de September (CFS)