Modellgeflüster: Temperaturréckgang a Siicht

De Moment ass et, wéi ville sëcherlech scho bekannt, iwwerduerchschnëttlech waarem zu Lëtzebuerg. De Modeller no bleift daat och nach eng Zäitche sou, ier mir dann awer an de normale Beräich rëtsche kéinten.

Daat summerlecht Wieder wärt de Gros vu Mëtteleuropa an domadden och Lëtzebuerg nach bis den 11. Juni fest am Grëff hunn, ier et duerno méi wacklëg gëtt. Et wärt zu engem Kampf tësche waarmen a méi kille Loftmasse kommen. Unhand vun dëser Animatioun ass dëst och gutt ze erkennen.

Grafik: wxcharts.eu

Bei dësem Temperaturréckgang kënnen d’Temperature an enger Zäitspaan vum 12. bis de 17. Juni kuerzzäitëg op ënner 24 Grad faalen a lokal nach 18 bis 23 Grad am Dag ereechen. “Kuerzzäiteg”? Jo, well d’Modeller hu schon eng weider Idee dran: A Richtung Enn Juni kéint et op e Neits méi waarem ginn, mee dann awer am duerchschnëttlëche Beräich. Den Ensemble vum 07.06.2018 Stand 02:50 Auer weist dëst ganz gutt.

Grafik: meteociel.fr

Dass daat awer net secher ass, erkennt een un de Memberen, déi a Richtung zweet Junihalschend däitlech auserneen ginn. Do ass also definitiv nach Spillraum. Wéi et de Moment ausgesäit, géif ët an där Zäitspaan och net all ze vill Nidderschléi ginn.

Et bleift weiderhin spannend

Ebe well sech d’Modeller nach net ganz sëcher sinn, sinn dës Entwécklungen interessant. Geet et waarem virun oder leet de Summer gläich mol eng Paus an? Am Laaf vun de nächsten Deeg a Woche gi mir et no a no gewuer. Den Détail zu de nächsten Deeg fannt Dir awer elo schon op der Prognosesäit!