Modellgeflüster: Wéi warscheinlech sinn 20 Grad an der nächster Woch?

Et ass un der Zäit e bëssen ze spekuléieren: Verschidde Modeller wëllen et net ausschléissen, dass mir et schonn gläich mat 20 Grad a méi ze di kréien. Mee wéi warscheinlech ass dat wierklech?

Advertisement

Differenzen tëscht dem amerikaneschen & europäesche Wiedermodell

Déi zwee Modeller rechnen an der Mëttelfrist mat enger gréisserer Ännerung, mee an ënnerschiddlecher Ausféierung. An de nächsten Zeile ginn déi zwou Haaptiddien vun de jeeweilegen zwee Modeller beliicht.


D’Situatioun mat de Loftmasse fir de nächsten Donneschden/Freiden laut ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent bis Mëtt nächster Woch mat enger net all ze mëller ëstlecher Stréimung, déi vum 20. Abrëll lues a lues soll ënnerbrach ginn. Déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an en Héichdrockgebitt iwwer Skandinavien géifen däitlech méi waarm Loftmassen aus dem Südwesten a Richtung Mëtteleuropa pompelen. Kéim et wierklech esou, dann wier fir a gutt enger Woch mat Temperature vun ëm 20 Grad oder esouguer driwwer ze rechnen. Am Südweste vum Kontinent, wéi z.B Spuenien, wier et héichsummerlech mat iwwer 30 Grad.


D’Situatioun mat de Loftmasse fir de nächsten Donneschden/Freiden laut GFS | Grafik: wxcharts.com

Mee wat seet den amerikanesche Wiedermodell? Dësem no soll et vum Mëttwoch aus viru goe mat der net all ze mëller ëstlecher Stréimung – an esouguer nach en Tick méi kill. Fir en Donneschde gëtt mat enger blos mat zimmlech kille Loftmasse gerechent, déi kuerzzäiteg wäert iwwert eis leien. Eréischt fir de Weekend vum 22. an 23. Abrëll solle mir e bësse Wiermt aus dem Südwesten ofkréien, déi dann ronderëmt de 27. Abrëll erëm kéint vu kille Loftmassen ënnerbrach ginn.

Wat ass de Fazit?

Den amerikanesche Wiedermodell GFS wëll déi wanterlech Zenarien nach net esou richteg lasslossen, iwwerdeems den europäesche Modell ëmmer erëm mat méi waarme Loftmasse rechent. Dem momentane Stand no schéngt et esou, wéi wann déi méi mëll Varianten liicht besser Chancen hätten, wat der Joreszäit och géif gerecht ginn. Fir de Rescht bleift awer natierlech ofzewaarden, wéi sech d’Modeller an de nächsten Deeg sou entwéckle wäerten.