Moies-Update: De viraussiichtleche Verlaf vun der Nuecht op den Dënschden

Dëst ass e weideren Update zu der potenziell wanterlecher Wiederlag, déi eis an der nächster Nuecht usteet.

Dësen Artikel ass d’Fortsetzung vum leschten Update – am Verlaf vum Dag kënnt e weideren Artikel online, deen déi lescht Modellrechnunge kuerz virum Ukomme vun der Front beliichte soll.

Wéi Dir wësst, areecht eis haut den Owend aus Nordwesten e Frontesystem, deen demno wéi fir déi éischt méi wanterlech Situatioun vun dëser Saison suerge kann. Et soll een awer och am Hannerkapp halen, dass dëst nach kee richtege Wanterabroch ass. Et ass méi en Intermezzo, wou mat Chance mol déi eng oder aner Flack dobäi eraussprange kann. Vill méi sollt een de Fokus op d’Gefor vum Glëtz leeën, deen, wann et domm leeft, um Méindenowend an deemno wéi um fréien Dënschdemoie fir eng méi geféierlech Situatioun suerge kéint. Mee mol kucken.

  • GFS

  • Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent den Owend tëscht 19 an 21 Auer mam Antreffe vun der Front. De Gros vum Nidderschlag soll och wärend dem Rescht vum Passage als normale Reen erofkommen. Et gi just schwaach Signaler dofir, dass de Reen als Glëtz erofkomme kann. De GFS gëtt keng Hiweiser op méigleche Schnéifall.

  • ECMWF

  • Den europäeschen ECMWF rechent géint 19 Auer domat, dass eis d’Front aus Nordwesten areecht. Am Géigesaz zu gëschter huet geännert, dass och dëse Modell elo d’Warscheinlechkeet vu Glëtz berechent. Scho vu kuerz virun Hallefnuecht u soll dës Warscheinlechkeet awer schonn erëm zréckgoen, d’Temperature sollen an der zweeter Nuetshallschent klamme, soudass wanterlech Konditiounen dësem Modell no manner warscheinlech ginn.

  • ICON

  • Et schéngt, wéi wa sech d’Modeller mat der Ukonftszäit zimmlech eenz wieren. Och den ICON rechent géint 19 Auer domat, dass eis d’Front aus Nordwesten areecht. Dobäi soll direkt vum Ufank un de Risk vu Glëtz bestoen. Ob dëst flächendeckend Wäert de Fall sinn, kann een elo awer nach net soen. Um spéideren Owend, sou géint 23 Auer, soll dësem Modell no d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schnéischaueren an d’Luucht goen. D’Warscheinlechkeet dofir ass haaptsächlech op den héchste Koppen erhéicht. Alles, wat ënner 450 Meter läit, sollt et nach éischter schwéier hunn, wierklech Schnéiflacken ze gesinn. Drënner handelt et sech meeschtens ëm Reen, wou just eventuell mat Chance mol eng kleng Flack kann drënner sinn. Am Laf vun der zweeter Nuetshallschent ginn déi wanterlech Signaler ëmmer manner berechent, wat op liicht méi héich Temperaturen zréckzeféieren ass. Et ass dowéinst eng kniffleg Fro, ob dat potenziellt wanterlecht Wieder och um fréien Dënschdemoie nach de Stroosseverkéier beaflosse kann oder net.

  • ARPEGE

  • De franséischen ARPEGE ass nach ëmmer dee Modell, deen dem Schnéi géigeniwwer am optimisteschsten ass. Géif et dësem Modell no goen, dann hätte mir et vum Owend 20 Auer un bis an déi zweet Nuetshallschent era mat Schnéischaueren ze rechnen, dat net nëmmen op de Koppen. Dësem Zenario no wiere laut Modell 2 bis 4 cm Neischnéi méiglech. Ob dëst awer esou antrëfft, däerf een un dëser Plaz ganz gär a Fro stellen, well et den eenzege Modell ass, deen dat esou optimistesch berechent. Wat en awer mat den anere gemeinsam huet: géint 03/04 Auer ginn déi wanterlech Signaler manner, dat duerch net méi grad esou niddrëg Temperaturen. De Risk vu Verkéiersbeanträchtegungen um Dënschdemoie géif soumat verréngert ginn.

  • AROME

  • Och den héichopgeléiste Kuerzzäitmodell AROME rechent vu 19 Auer un mat der Front. Dës soll eis, dësem Modell no, och eenzel Schnéischauere kënne bréngen. Vun Hallefnuecht u wier awer schonn erëm Schluss an et géif alles a Reen iwwergoen.


    De Verlaf vum Owend dem däitschen ICON no | Animatioun: wxcharts.com

Fazit

Stand: 30. November 2020 – 05:58 Auer

Dem aktuelle Stand no gesäit et esou aus, dass haaptsächlech op den héchste Koppe vum Land mol déi éischt Schnéiflacke vun der Saison méiglech sinn. Alles wat ënner ca. 450 Meter läit huet mat enger erhéichter Warscheinlechkeet mat Reen ze dinn (mat vill Chance eventuell eng Flack dotëscht). Et sollt normalerweis op kee richtege Wanterabroch erauslafen. De Fokus rëtscht ëmmer méi op de Faktor Glëtz, deen tatsächlech asetze kéint. Dëse wier ebe, jee no Modell, scho vum Owend u méiglech a géif sech tendenziell bis an déi fréi zweet Hallschent vun der Nuecht op den Dënschden zéien. Duerch d’Ausgangssperr duerch de Covid-19 kéint et sinn, dass kuerz virun 23 Auer also eng kleng Gefor vun enger Rutschpartie besteet. An der zweeter Nuetshallschent soll et, an do si sech d’Modeller méi oder manner eenz, no a no mat der Warscheinlechkeet vu wanterlechen Zenarien zréckgoen. Sou kann et mat Chance also sinn, dass et pénktlech fir de Beruffsverkéier um Dënschdemoie net méi grad esou warscheinlech ass, dass d’Stroosse nach glat sinn. Mee: trotz de liicht klammenden Temperaturen an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Dënschden heescht dat nach laang net, dass och de Buedem dann entdeet ass. Dëst awer richteg anzeschätzen ass eng Nummer méi komplizéiert. Gewosst ass awer, dass alle Modellrechnunge no d’Warscheinlechkeet vu wanterlechem Wieder matten an der Nuecht méi héich ass wéi um fréien Dënschdemoien. E Verkéierschaos sollt dowéinst am Idealfall also ausbleiwen.

Kuerz: Wa Schnéiflacken, dann op den héchste Koppen. Soss meeschtens Reen, eventuell eng Fläckelchen drënner. Duerch d’Duerchmëschung vun de Loftschichte besteet en eeschtzehuelende Risk vu Glëtz, dee virun allem tëscht 20 an 02 Auer optriede kann. Dëst ass, duerch d’Ausgangssperr, awer just bis 23 Auer relevant (ausser fir jiddereen deen berufflech ënnerwee ass). An der zweeter Nuetshallschent gëtt et no a no manner wanterlech, op den héchste Koppe bleiwen d’Konditiounen am längsten erhalen. Dëst ass dowéinst mat enger gréisserer Warscheinlechkeet kee wierkleche Wanterabroch, mee just e klengen Intermezzo ier mir an de meteorologesche Wanter erastarten.

Nächsten Update 30. November 2020 – géint 17:00 Auer

Livestream vum 29. November 2020