“Monsterstuerm” um Donneschden – wat ass do eigentlech drun?

An den däitsche Medien héiert een de Moment eppes vun engem “Monsterstuerm”, deen den Donneschden en Afloss op Mëtteleuropa huele soll. Wat ass do wierklech drun?

Zäit fir Kloertext

An den däitsche Medien ass an de leschten Deeg d’Ried vun engem “Monsterstuerm”, “Megaorkan” oder och nach “Extremsturm”, deen um Donneschden op Mëtteleuropa treffe sollt. Firwat ass dëst komplette Quatsch a wat stécht wierklech dohannert?

Fir d’éischt mol: jo, vum Mëttwoch/Donneschden u kënnt méi Beweegung an d’Wiederkichen. Dëst läit dodrun, dass mir en Iwwergang vun enger zimmlech roueger Héichdrocksituatioun a Richtung Westwiederlag maachen. Vum Mëttwochowend un hu mir et vum Mëttelmierraum bis an de wäiten Oste vum Kontinent mat héijem Loftdrock ze dinn, iwwert dem westleche Kontinent ass et déiwe Loftdrock. Besonnesch um Donneschde soll de Loftdrockgéigesaz tëscht West an Ost e bësse méi grouss ginn – fir dëst auszegläichen ass Wand néideg. Dëse solle mir dann och um Donneschde kréien; déi eng Modeller rechne méi, déi aner manner. Mee schonn mol direkt gesot: vun engem “Monsterorkan” oder soss eppes dramateschem ass näischt ze gesinn.

Europäeschen ECMWF am Stuerm-optimisteschsten

Dee Modell, deen schonn virun iwwert enger Woch ugefong huet, méi markant Stuermzenarien fir Mëtt dëser Woch ze berechnen, war den europäeschen ECMWF. An Tëschenzäit kommen och aner Modeller mat der Iddi op, dass et en Tick méi lefteg soll ginn – jo och liicht stiermesch Solutioune sinn do dobäi. Mee maache mir mol e klenge Vergläich.


Berechnung vum europäeschen ECMWF | Grafik: wxcharts.com

ECMWF:

Wéi all Modeller rechent den ECMWF domat, dass mir an d’Wandfeld vun engem Stuermdéif gerode, wat um Donneschde mat sengem Kär iwwert de britteschen Insele leie wäert. Sou sollen dem ECMWF no vun der Nuecht op den Donneschden u stiermesch Wandstéiss ëmmer méi warscheinlech ginn. De Maximum soll um Donneschdemëtte mat 70 bis 90 km/h areecht ginn, deemno wéi wieren op exponéierte Plazen och mol bis zu 110 km/h net ausgeschloss – besonnesch a Verbindung mat méi staarke Nidderschléi.


Berechnung vum däitschen ICON | Grafik: wxcharts.com

ICON:

Och den däitschen ICON ass an Tëschenzäit mat Stuerm dobäi a berechent fir den Donneschdemëtte Wandspëtzte vun tëscht 75 a 90 km/h, punktuell driwwer. Monsterstuerm? Keen ze gesinn.


Berechnung vum amerikanesche GFS | Grafik: wxcharts.com

GFS:

An den amerikanesche GFS? Dësen ass tatsächlech e bësse méi schwaach ënnerwee a rechent mat Spëtzte vun tëscht 50 a 75 km/h.


Berechnung vum franséischen ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

ARPEGE:

De franséischen ARPEGE ass op engem nach méi schwaachen Trip an ass mat héchstens 30 bis 60 km/h dobäi.

Fazit

Wat heescht dëst elo? Vum Mëttwoch un, besonnesch um Donneschden, kann de Wand wuel wierklech erëm eng gréisser Roll spillen. Et wier, stand elo, mat engem normale Stuerm ze rechnen. Bezitt een all déi genannt Modeller mat an, da sollt sech de Wand zu de benannten Zäiten tëscht 65 a 85 km/h ophalen – lokal driwwer. Eppes aussergewéinleches ass net a Siicht, mee falls dat ännere sollt, gitt Dir dat natierlech gewuer.

Duerno weider lefteg bis stiermesch?

Fir de Weekend deiten déi éischt Modeller schonn un, dass et mat engem Stuermpotenzial soll virugoen. De Samsden an de Sonnde stinn am Fokus. Dozou méi an engem spéideren Update.