Muer: Bis zu 28 Grad an Däitschland, och un der Musel Summertemperature méiglech

Iwwerduerchschnëttlech waarm ass et jo schonn eng gutt Zäit laang, elo gëtt awer nach een dropgeluecht: fir muer rechnen d'Modeller mat Maximalwäerter vun 28 Grad an Däitschland - och bei eis am Land sinn ënner Ëmstänn Temperature wéi am Summer méiglech.

Markante Virstouss vu waarme Loftmassen

Mir hunn et schonn eng gutt Zäit mat iwwerduerchschnëttlech waarme Loftmassen ze dinn. De Weekend erwaart eis awer nach eng Kéier e méi intensive Stouss, deen virun allem an Däitschland immens héich Temperature fir d’Joreszäit erméiglecht. Am Bundesland Baden-Württemberg sollen, an enger Sträif vu Karlsruhe bis erof op Freiburg im Breisgau (den Europapark läit hei an der Géigend) a nach e Stéck méi wäit an de Süden, Temperature vun tëscht 26 an 28 Grad optrieden. Dat selwecht gëlt och fir déi direkt däitsch/franséisch Grenz.


D’Kaart mat den Temperaturanomalie fir muer, 28. Oktober 2022: +8 bis knapp +10°C bei eis, lokal +12°C an driwwer an Däitschland

Eng weider waarm Géigend an Däitschland fanne mir a Nordrhein-Westfalen: Ronderem Euskirchen, Düren, Köln solle Maximaltemperature vu 24 Grad optrieden. Méi wäit am Oste vum Bundesland, am Raum Lippstadt, sinn 25 Grad net ausgeschloss. Och zu Koblenz, Rheinland Pfalz, soll et fir änlech Wäerter duergoen.

An zu Lëtzebuerg?

Dem Super-HD Modell vum Kachelmann no erreechen d’Temperaturen zu Lëtzebuerg Maximalwäerter vun tëscht 22 a 24 Grad – laanscht d’Musel wieren esouguer bis zu 25 Grad ze erwaarden. Zur Erënnerung: soubal d’Temperatur de Wäert vu 25,0 Grad erreecht oder iwwertrëfft, schwätzt ee vun engem meteorologesche Summerdag. A nach eng Kéier: mir hunn muer den 28. Oktober.

An den Deeg duerno geet et lues a lues biergof mat den Temperaturen. De Grond dofir fannt Dir an dësem Artikel.