Muer: Lokal kräfteg Schliet méiglech, dozou Onwiederlag an Däitschland

Virun allem am Westen a Nordweste vun Däitschland ass punktuell erëm mat lokalen Iwwerschwemmungen ze rechnen. Bei eis gëtt et net esou schlëmm, och wa punktuell mol déi eng oder aner kräfteg Zell net ausgeschloss ass.

Advertisement

Erëm en Déif aus den Alpen

Och an dësem Fall kënnt erëm en Déifdrockgebitt aus den Alpen erausgezunn a verlagert sech am Laf vum Dag a Richtung Nordwesten. Wärend dem fréie Samsdemoie kënnt de Kär dovun op de belschen an hollännesche Plagen un. Op sengem Wee produzéiert d’Déifdrockgebitt engersäits e grousst Nidderschlagsgebitt, anerersäits wäerte sech an dëst Nidderschlagsgebitt och Donnerwieder mat alageren. De Gros vun dësem Reegebitt an och den agelagerten Donnerwieder zitt knapp ëstlech a nërdlech u Lëtzebuerg laanscht, wat awer net heescht, dass et bei eis dréche bleift.


Simuléiert Radarreflektivitéit vum franséischen AROME-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Am Aflossberäich vun dësem Déif, also och südlech vum Kär, wou Lëtzebuerg am Laf vum Dag och wäert dra leien, kënne sech weider Schauer- an Donnerwiederzellen forméieren. Dës sinn bei wäitem net alleguer speziell oder warnrelevant, mee punktuell ass awer och mol eng Ausnam a Form vun zolittem Reen méiglech. An esou engem Fall kann et zu gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit kommen – Akkumulatioune vun 10 l/m² wieren doduerch séier erreecht, bis ëm 30 l/m² (punktuell Iwwerschwemmung net ausgeschloss) wieren an eise Géigende méiglech. Dëst ass awer just d’Beschreiwung vun engem Potenzial: Wéi gesot, wäert dat, wann iwwerhaapt, just ganz punktuell begrenzt kënne geschéien. Dat och net explizit zu Lëtzebuerg, mee an eiser genereller Groussregioun.


D’Andeelung, wou PUNKTUELL Iwwerschwemmungen am warscheinlechste sinn. Dëst seet näischt iwwert d’Intensitéit aus | Grafik: Météo Boulaide

De Gros spillt sech definitiv am fir d’éischt genannte Reegebitt mat den agelagerten Donnerwiederen an Däitschland of. Am Kader vun dësem rechnen d’Modeller mat punktuell esouguer erëm méi wéi 50 l/m² (deemno wéi esouguer 80 l/m²), wat definitiv erëm e gréisseren Iwwerschwemmungsrisk duerstellt. Besonnesch un der Nordsäit vum Reegebitt sinn och e bësse besser strukturéiert Donnerwieder méiglech, déi nieft dem Reen och nach Knëppelsteng a Stuermstéiss kënne bréngen.