Muer um Freiden: Kalfront dréckt Reen-Chancen liicht an d’Luucht

Muer zitt eng Kalfront iwwert eis ewech, déi eis nawell eng liicht erhéicht Chance op e puer eenzel Schaueren oder och mol e lokalt Dimmer mat op Lëtzebuerg bréngt.

Modeller mat Differenzen

Eis Wiedermodeller gesinn zwar all déi liicht erhéicht Nidderschlagswarscheinlechkeet op eis duerkommen, allerdéngs ginn se a Saache Quantitéiten deels méi wäit auserneen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit déi gréisst Chancen fir Nidderschléi a Richtung Westen a Südweste vum Land. E simuléiert tëscht 1 a 5 l/m², déi muer iwwert den Dag verdeelt erofkomme kënnen. Den europäesche Wiedermodell ECMWF ass zimmlech optimistesch ënnerwee, tëscht 1 a 4 l/m² gi fir d’Osthallschent berechent. Am naasste soll et och dësem Modell no an der Westhallschent ginn, dat mat tëscht 5 a punktuell 10 l/m². Mir dierfen also gespaant sinn, ob sech dëse Modell duerchsetze kann. Sollt et klappen, da géifen dës Quantitéiten eiser Natur awer och net all ze vill bréngen. Duerch den immens haarden an dréchene Buedem leeft de Gros vum Waasser iwwerflächlech of.


Den europäesche Modell ECMWF ass dës Kéier den optimisteschsten | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON gesäit laanscht d’Musel bis ëm 4 l/m² erofkommen, iwwerdeems d’Nordhallschent esou gutt wéi näischt soll gesinn. Dat meescht soll bei eisen direkte belsche Noperen erofkommen, dat mat 4 bis 8 l/m². De franséischen ARPEGE ass de pessimisteschste Modell an huet grad emol tëscht näischt an allerhéchstens 3 l/m² fir eis am Rucksak.

Fazit

All genannte Modell gesäit op mannst e bësse Reen op Lëtzebuerg duerkommen. Och wann et der Natur, egal wéi, net all ze vill bréngt, däerf ee sech iwwer all eenzel Drëps freeën.