Mir ginn de Moment vu richteg schéinem fréisummerlechem Wieder verwinnt. Muer um Sonnde gëtt et awer ëmmer méi schmeier – deemno wéi ka besonnesch a Richtung Owend oder Nuecht och en Donnerwieder dobäi sinn.
Advertisement
Instabilitéit klëmmt, Donnerwieder um Sonndenowend net ausgeschloss
Muer um Sonnde leie mir weiderhin ënner fréisummerleche Loftmassen, déi duerch en Héich mam Zentrum iwwert der Ostséi esouwéi och en Déif knapp südwestlech vun de britteschen Inselen op Lëtzebuerg gelenkt ginn. Genee dat Déifdrockgebitt spillt esou lues eng Roll: Iwwert de nordwestlechen Deel vu Frankräich leet sech e schwaacht Randdéif, wat dofir suergt, dass erëm eng sougenannt “Tiefdruckrinne” iwwer gréisseren Deeler vu Frankräich entsteet. Duerch dës “Rinne” ginn d’Loftmasse gezwonge sech an den Himmel ze hiewen, wouduerch Schaueren an Donnerwieder entstoen.
Dës Déifdrockzon wäert sech am Laf vum Dag ëmmer weider a Richtung Nordoste beweegen an iergendwann och am Raum BeNeLux ukommen. Aktuelle Modellrechnunge no ass et also net onméiglech, dass mir et am Laf vum spéidere Sonndenowend entweder hannert der Grenz blëtze gesinn – oder och, dass et direkt bei eis zu engem Schluet mat Blëtz an Donner kënnt.
Déifdrockafloss hält un
An der neier Woch verlagert sech d’Déifdrockzon bis an Däitschland eran – betraff ass also elo e Beräich, deen sech vu Frankräich aus iwwer BeNeLux bis an Däitschland eranzitt. Bis viraussiichtlech de nächste Weekend kënnt et ëmmer erëm zu kräftege Schliet – ganz genee Agrenzunge kann ee leider nach net maachen. Well mir et mat engem immens schwaachen Héichtewand ze dinn hunn, kommen dës Schliet net séier vu Plaz – lokal kann et also erëm zu gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit kommen, fläit esouguer Iwwerschwemmungen.
Esoubal dëst Risikogebitt besser anzegrenzen ass, kënnt en Update. Op alle Fall ass Lëtzebuerg net vun der Saach ausgeschloss. Stay tuned.