Nach eng Kéier Schnéiflacken en Donneschden? Wat ass drun?

Duerch de sougenannte “Kaltlufttropfen”, deen eis haaptsächlech en Donneschde beschäftege wäert, klëmmt tatsächlech erëm d’Warscheinlechkeet fir Schnéiflacken zu Lëtzebuerg. Firwat dat awer net de grousse Wanter-Comeback gëtt, kucke mir eis an dësem Artikel un.

Advertisement

D’Situatioun

En Donneschde leet sech e “Kaltlufttropfen” iwwert eis. Et handelt sech dobäi ëmt en Déifdrockgebitt an héije Loftschichten, wat däitlech méi kill Loftmasse mat sech bréngt. Dës Keelt iwwersetzt sech zwar net 1:1 bis bei eis op de Buedem, an awer mierkt een den Temperaturréckgang. Méi interessant ass et, wann et ufänkt mat reenen: well et an der Héicht esou kill ass, ass et net ausgeschloss, dass sech e puer Flacken ënnert de Reen mëschen.


Den europäesche Wiedermodeller mat Signaler fir eenzel Flacken ënnert dem Reen | Grafik: wxcharts.com

Am Fall vum Donneschde sinn Temperature vun ëm -5 Grad op annerhalwem Kilometer Héicht ze erwaarden. D’Chancen, dass sech bei Nidderschléi e puer Flacke weise, sinn also net wierklech geréng. Um ganz fréien Donneschdemoie geet d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi esou lues an d’Luucht, vum spéidere Virmëtte bis an den Owend eran ass dann ëmmer erëm mol mat enger Schauer ze rechnen. D’Temperature bei eis um Buedem leien um fréie Moie bei tëscht -1 an 2 Grad a klamme bis 12 Auer am Süden op tëscht 4 a 6 Grad erop, iwwerdeems am Norde nach Plaze mat ëm 3 Grad dobäi sinn. Am Laf vum Nomëtte verléisst eis déi kill Héichtestréimung schonn lues a lues, d’Temperature bei eis um Buedem kënnen e Maximum vun tëscht 5 an 8 Grad erreechen.

En Donneschde kann et also net nëmmen zu eenzelne Flacken tëscht dem Reen kommen, mee se kënne sech esouguer bei däitleche Plusgraden bei eis um Buedem weisen. Eng laang Affaire ass dat awer net, well et och an der Héicht schonn an Zäit vu Stonnen erëm méi waarm gëtt. Et ass also weder e spéide Wanterabroch, nach e Wanter-Comeback. E Freide kënnen d’Temperature schonn erëm op e Maximum vun tëscht 12 a 16 Grad klammen.