Nächst Deeg: Et bleift waarm, mee och eenzel Schaueren an Dimmere gi méiglech

Vun den Owend un erreecht eis eng méi schmeier Loftmass, déi eis bis Enn der Woch wäert begleeden. Eenzel Schliet erwaarden eis zwar net direkt, mee d’Warscheinlechkeet klëmmt am Laf vun der Zäit.

Advertisement

De Summer ass do, genéisst en!

Fir de Moment gëllt: Genéisst dat gutt a waarmt Wieder, well alleng vun der Grousswiederlag hier wäert et keen Dauerzoustand sinn – esou wéi mir et gëschter am Wochenausbléck betount haten.

Nach am Laf vun den Owend resp. der Nuecht op e Mëttwoch erreechen eis méi fiicht Loftmassen, déi insgesamt mat der Wiermt zu enger schmeierwaarmer Loftmass bäidroen. Dëst sinn Zutaten fir potenziell Schaueren an Donnerwieder, op déi am Ufank an eise Géigenden awer nach net kann zréckgegraff ginn – et si keng wierklech Hiewungsimpulser do – also Elementer déi dozou bäidroen, dass d’Loftpaketer an den Himmel gedroe ginn. Aus dësem Grond gesinn d’Modeller mol nach bal eenheetlech en dréchene Mëttwoch op eis duerkommen, och wann et en Tick méi wollekeg ka ginn wéi haut um Dënschden.


En Donneschde gëtt vun der südlecher bis an déi nërdlech Mëtt eng Sträif mat Donnerwieder simuléiert. Bei eis wieren awer och eenzel Nidderschléi net ausgeschloss | Grafik: wxcharts.com

Fir en Donneschde fanne sech schonn e puer Onkloerheeten an de Modeller: Iwwerdeems den amerikanesche Modell mat enger Schauerwarscheinlechkeet rechent, huet och den europäesche Modell e puer Signaler dran – mee awer nach op eng zréckhalend Aart a Weis. Huele mir dann nach een vun den héichopgeléiste Modeller dobäi, wéi beispillsweis de SuperHD vu Kachelmannwetter, da berechent dësen tatsächlech e puer ganz vereenzelt Schaueren – un der Grenz zu Däitschland wieren och eenzel Dimmere net ausgeschloss. Dëst wiere keng groussflächeg Nidderschléi, mee PUNKTUELL BEGRENZTER.

Eppes méi groussflächeges rechent den europäesche Wiedermodell fir d’Nuecht op e Freiden, wat awer nach mat Fragezeichen versinn ass. Fir de Weekend selwer, méi fir e Samsden, gëtt aktuell e gréisseren Donnerwiedersystem berechent, deen eis knapp südlech soll verfeelen. All dës Saachen hale mir deemnächst zesummen am Aen.

Fazit

Et bleift elo mol nach e puer Deeg laang waarm, nach bis en Donneschde kënne bei ideale Konditioune bis zu 30°C optrieden – ebe just an zimmlech schmeierer Form. Spéitstens vum Freiden u gëtt et wackeleg mat enger klenger Warscheinlechkeet vu Schaueren an Donnerwieder. Meeschtens sinn dës just PUNKTUELL BEGRENZT (betreffen also just déi mannst) a just an e puer aneren Ausféierungen, déi mir dann och an aneren Artikelen géife beschwätze falls sech d’Modellrechnungen apendelen, wiere gréisser Géigenden vu potenziell méi kräftegem Reen betraff. Mir halen dat zesummen am Aen.

Wat onwiederaarteg Entwécklungen ugeet läit Däitschland aktuell am Fokus vun de meeschte Modellrechnungen.