Nächst dräi Deeg: Et bleift reenereg a gréisstendeels hierschtlech zu Lëtzebuerg

Et bleift naass zu Lëtzebuerg. Wa mir esou op déi lescht 7 Deeg zréckkucken, da gesi mir, dass et haaptsächlech un der Nordspëtzt vum Land am meeschte gereent huet. Tëscht 40 a 55 l/m² huet et an engem Beräich vu Wëlwerwolz hier opwäerts (nërdlech) gereent.

Bis an de spéidere Freidenowend eran sollen dem amerikanesche Wiedermodell GFS no nach tëscht 4 an 18 l/m² dobäikommen – Schwéierpunkt: den äusserste Weste vum Land. Ofgesinn vun dësem Beräich, wieren d’Quantitéiten op t ëscht 3 an ongeféier 10 l/m² anzegrenzen.

Den europäeschen ECMWF fiert eng ganz aner Spuer a gesäit däitlech méi héich Zommen op eis duerkommen. Tëscht 20 a 35 l/m² sinn an der Berechnung, de Maximum soll westlech vu Rëmeleng direkt un der Grenz zu Frankräich erofkommen. Enger änlecher Meenung ass de franséischen ARPEGE, deen am ganzen tëscht 15 an 31 l/m² rechent. De Maximum wier och erëm am selwechte Raum méiglech, wéi et den ECMWF simuléiert. Soss leien d’Wäerter awer meeschtens tëscht 15 a +/- 25 l/m².

Den däitschen ICON gesäit d’Situatioun erëm e bësse méi entspaant an ass grad emol mat 3 bis 10 l/m² dobäi. Sou wéi de GFS et och gesäit, soll dat meescht laanscht den äusserste Weste falen. Dat mannst wier un der Musel ze erwaarde, mee och am äusserste Norde vum Land.

Et ass zweegedeelt, op mannst wat déi ausgesicht Modeller betrëfft. Wäerten d’Berechnunge vum ECMWF an ARPEGE antreffen oder bleift et bei de méi klengen Zomme wéi de GFS an den ICON se gesinn? Wéi genee et ausgeet, kann een opgrond vun den Differenze leider net soen. Dat eenzegt wat ee wierklech wees ass, dass et wuel nach zimmlech naass bleift bis de Freiden inclus.