Rart Schauspill: Esou no komme sech de Jupiter & de Saturn eréischt erëm a 60 Joer

De Moment kënnt et zu enger sougenannter Konjunktioun vum Jupiter a vum Saturn. Vun der Äerd aus gesi komme sech déi zwee Giganten eréischt am Joer 2080 erëm esou no.

Grouss Konjunktioun den 21. Dezember 2020

An de leschten Deeg a Woche si sech d’Planéite Jupiter a Saturn ëmmer méi no komm – wat d’Siicht vun der Äerd aus ugeet natierlech. Se sinn de Moment just nach eng Fangerbreet vuneneen fort. Den 21. Dezember 2020, also muer um Méinde, soll et zu der grousser Konjunktioun kommen. Aus eiser Siicht gesinn iwwerhëllt de Jupiter op senger Ëmlafbunn un dësem Owend de Saturn. Dëst Phänomen ass zimmlech rar: de Jupiter brauch 12 Joer, bis en d’Sonn eng Kéier ëmkreest huet, de Saturn dogéint esouguer 30. De Jupiter iwwerhëlt de Saturn also deem no all 20 Joer Joer eng Kéier, déi nächst Kéier wäert réischt erem 2040 sinn.


Grafesch Duerstellung vun der grousser Konjunktioun tëscht dem Jupiter & Saturn | [CC-BY: J.Hedberg/CCNYPlanetarium]

Sou enk, wéi se sech dës Kéier “treffen”, gëtt et awer réischt méi spéit erëm: d’Ëmlafbunnen vum Jupiter & Saturn leie jeeweils net genee op der selwechter Héicht zueneen. Dowéinst variiéiert d’Distanz wärend enger Konjunktioun ëmmer e bëssen. E sou geréngen Ofstand, wéi mir en den 21. Dezember 2020 erliewen, gesi mir eréischt erëm am Joer 2080. Déi zwee Planéite sinn aus eiser Siicht gesinn esou no, dass déi zwee Kierpere quasi ee Stär ze forméiere schéngen.

Wéini gesäit een déi zwee Planéiten?

Fir déi zwee Planéiten ze gesi, muss ee séier sinn. Ee Faktor, deen dem ganzen an d’Kaarte spillt, ass de fréien Abroch vun der Däischtert. De Jupiter gesäit ee vun ongeféier 17 Auer un a Richtung Südwesten als helle Stär, de Saturn eng gutt 20 Minutte méi spéit an déi selwecht Richtung. Nodeems déi zwee Himmelskierperen am Ufank vum Dezember nach gutt 2 an eng hallef Stonn um Horizont ze gesi waren, verréngert sech d’Zäit a Richtung Enn Dezember drastesch: Enn vum Mount verschwënnt de Jupiter schonn no ongeféier enger Stonn, also géint 18 Auer, am Donscht iwwert dem Horizont. De Saturn ass esouguer just nach eng véierel Stonn ze gesinn.

Elo fir muer, den 21. Dezember gëlt: am beschten tëscht 17 an 18 Auer no den zwee Planéite sichen, ongeféier eng Handbreet iwwert dem Horizont a Richtung Südwesten. Den hellste vun den zwee Stären ass de Jupiter.

D’Wieder spillt leider net mat

Bei eis zu Lëtzebuerg schéngt eis d’Wieder awer e Stréch duerch d’Rechnung ze maachen: et ass staark bedeckt an et reent.