Nächst Stonne bis e Freiden: Nom Schnéi gëtt de Wand méi aktiv & zäitweis och stiermesch

Den zanter dem Donneschden ugekënnegte Schnéifall huet Lëtzebuerg de Moien an Otem gehalen. Elo de Mëtte verschwënnt e séier, mee da gëtt de Wand erëm méi markant.

Advertisement

Randdéifer bis e Freiden inclus

Mir hunn et bis e Freide méi oder manner mat enger Loftmassegrenz iwwer Mëtteleuropa ze dinn, un där sech och eng Partie Randdéifer orientéiere wäerten. Doduerch gerode mir ëmmer erëm ënner Wandfelder, déi mol méi a mol manner kräfteg sinn. Zäitweis sinn awer liicht stiermesch Zenarie méiglech.

Elo am Laf vum Mëttwoch gerode mir schonn ënnert dat éischt Wandfeld, bis an d’Nuecht eran ass mat Wandstéiss vun tëscht 50 a 65 km/h ze rechnen. Op exponéierte Plaze kënnen eenzel Stéiss bis 70 km/h net ganz ausgeschloss ginn. Och muer um Donneschde bleift et lefteg, d’Vitessen hale sech erëm gréisstendeels tëscht 50 a 65 km/h op.


D’Berechnunge fir de Freidenowend | Grafik: wxcharts.com

E méi kräftegt Déif soll dann de Modellrechnunge no e Freiden opzéien. De Kär dovu soll knapp nërdlech vun eis laanschtzéien, wouduerch mir zu Lëtzebuerg also an d’Wandfeld dovu geroden. Virun allem vum spéidere Nomëtte bis an den Owend era wier aus aktueller Siicht mat Stuermstéiss vun tëscht 70 a 85 km/h ze rechnen. E Samsde gerode mir ënner Héichdrockafloss, de Wand leet sech also erëm séier.