Nächst Stonnen: Bis muer an de Nomëtten eran plazeweis mol stiermesch Entwécklungen

D’Wiedergeschéien iwwert dem Atlantik bleift weiderhin immens turbulent. Duerch Randdéifer kënnt eis an de nächste Stonnen e Wandfeld méi no, punktuell kann et doduerch och mol stiermesch ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir hunn et an Tëschenzäit mat engem immens groussen Déifdrocksystem iwwert dem Nordweste vum Kontinent ze dinn, deen frëndlecht Héichdrockwieder heiheem komplett onméiglech mécht. Et ass also och a nächster Zäit mat variablem a reeneregem Wieder ze rechnen, heiansdo kann et och stiermesch ginn. An dësem Artikel beschäftege mir eis haaptsächlech mat de nächste Stonnen resp. mat de Wandvitessen bis muer an de Nomëtten eran, mee demnächst (warscheinlech muer) kënnt nach e weideren an dem mir op d’Stuermpotenzial ze schwätze kommen, well dat wäert net grad niddereg sinn an der neier Woch.

Besonnesch op exponéierte Plaze mol stiermesch

Fir d’éischt mol: Wéi och déi lescht Kéieren erwaart eis keen ausgewuessene Stuerm zu Lëtzebuerg. Eis kënnt einfach e Wandfeld méi no, wat eist Wieder nach e gudden Tick méi ongemittlech mécht. Punktuell an ënner verschiddenen Ëmstänn, op déi mir elo gläich aginn, kann et och mol stiermesch ginn.


D’Wandspëtzten bis an de Sonndenomëtten eran laut AROME | Animatioun: wxcharts.com

Bis Mëtternuecht gëtt de Wand a klenge Schrëtt méi spierbar, haaptsächlech wat d’Stéiss ugeet. Am Laf vun der Zäit heefe sech Vitessen vun tëscht 40 a 55 km/h. An der zweeter Nuetshallschent deet sech mol nach net all ze vill, et ass méi vum fréie Sonndemoien un wou de Wand nach méi spierbar gëtt. Vitessen vun tëscht 50 a 70 km/h si méiglech, dat haaptsächlech op exponéierte Plazen a laut Modeller och tendenziell manner warscheinlech am äusserste Süden. Net nëmmen op exponéierte Plazen, mee och am Beräich vu Schaueren ass d’Warscheinlechkeet vun de méi stiermesche Wandstéiss méi héich. Eréischt am Laf vum Sonndenomëtte leet en sech erëm no a no.