Nächst Stonnen: De neiste Stand iwwert den Afloss vum Orkan CIARÁN

Den Orkan CIARÁN zitt de Moment mat grousser Vitesse a Richtung Westfrankräich, säi Wandfeld wäert eis am weidere Verlaf och beaflossen. Et ass eng Wiederwarnung aktiv. De neiste Stand vun de Modeller fannt Dir hei.

Advertisement

Alerte Rouge am Weste vu Frankräich

Fir den äusserste Weste vu Frankräich gëllt fir muer eng Alerte Rouge, de franséische Wiederdéngscht erwaart Wandspëtzte vu bis ëm 170 km/h. Hëlt een awer nach e puer Modellrechnungen dobäi, da kënnt een op d’Erkenntnis, dass virun allem a Küstegéigend/dirket um Waasser Spëtzte vun 200 km/h net ausgeschloss sinn. Méi Info fannt Dir hei.


Déi aktuell Warnungen vum franséische Wiederdéngscht fir muer | Grafik: Météo France

De Verlaf fir Lëtzebuerg

Wat Lëtzebuerg betrëfft hu mir elo net de ganz grousse Stuerm ze erwaarden, zäitweis kënnen awer trotzdeem stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss optrieden – besonnesch op exponéierte Plazen an och, falls sech mol en Donnerwieder forméiert. Aus der rezenter Auswäertung vun 10 Modeller ass et am warscheinlechsten, dass sech d’Wandstéiss tëscht 60 an 80 km/h ophalen. Sollt e méi kräftege Schluet oder wierklech en Dimmer optrieden, wiere 90 km/h net ausgeschloss – dëst ass a bleift awer eng absolut Ausnam.


D’Wandvitessen fir en Donneschden, berechent vum europäesche Modell | Grafik: wxcharts.com

Verschidde Beem sinn duerch de Wand aus de leschten Deeg ugeschloen. Eng Roll spillt och e ville Reen, duerch deen de Buedem opgeweecht ass. En drëtte Faktor sinn d’Blieder, déi ëmmer nach u ville Beem ze fanne sinn – op wat ech erauswëll: Et kënnen eng Partie Beem an Äscht an d’Stroosse falen.

Wat déi zäitlech Andeelung ugeet, kann een den Zäitraum vum Donneschdemoien 5 Auer an dem Nomëttwn 16:30 Auer festleeën.

Fazit: Lëtzebuerg kritt kee volle Stuerm of, mir leien einfach um Rand vun engem zolitten Orkan, deen virun allem iwwert der Bretagne an och der Normandie säin Onwiesen wäert dreiwen.